De Canetti koum aus enger sephardesch-jiddescher Händlerfamill. 1912 ass e mat der Famill an Éisträich, 1916 an d'Schwäiz wunne gaangen. 1921 ass de Canetti eleng an Däitschland geplënnert, wou en 1923 seng Première gemaach huet.
Dat Joer drop huet hien nees zu Wien gewunnt an huet an der Chimiepromovéiert, huet awer weider net méi an deem Beräich geschafft. Säin Haaptinteressi huet der "Mass" gegollt, d. h. wéi a firwat Mënschen an enger grousser Grupp sech no bestëmmte Mustere behuelen, a firwat se engem dee se uféiert, nolauschteren an nolafen.
Vun 1930 un huet hien u sengem Romanzyklus aus aacht Bänn geschafft, deem säin éischte Band, Die Blendung 1931 fäerdeg gouf. 1938 ass en nom "Anschluss" vun Éisträich un d'Däitscht Räich mat senger Fra Veza op London emigréiert, wou en och nom Zweete Weltkrich bliwwen ass an déi brittesch Nationalitéit krut. Vun den 1970er Joren un huet hien ëmmer méi an der Schwäiz gelieft, an den 1980er bal nëmmen nach. De Canetti ass 1994 zu Zürich gestuerwen.
Säi literarescht Wierk ass ganz villsäiteg, souwuel wat d'Sujeten wéi och, wat d'Gattunge betrëfft. Nieft dem RomanDie Blendung huet hien dräi Theaterstécker geschriwwen, eng anthropologesch Etüd (Masse und Macht), aphoristeschAufzeichnungen an eng Autobiographie an e puer Bänn.
Vun den 1960er Joren u krut hien eng ganz Rëtsch Präisser an Auszeechnungen, dorënner den Deutscher Kritikerpreis, de Literaturpreis der Stadt Wien, de Großer Literaturpreis der Bayerischen Akademie der Schönen Künste, de Georg-Büchner-Präis, den Nelly-Sachs-Preis, an zu gudder Lescht 1981 de Literatur-Nobelpräis.
Wierker
Originaleditiounen
Die Blendung. Roman. Reichner, Wien 1936
Fritz Wotruba. Vorwort von Klaus Demus. Rosenbaum, Wien 1955
Masse und Macht. Claassen, Hamburg 1960
Die Befristeten. Drama. Hanser, München 1964; 2. A. ebd. 1982, ISBN 3-446-13567-7
Hochzeit. Drama. Hanser, München 1964; 2. A. ebd. 1981, ISBN 3-446-13467-0
Liebhaber ohne Adresse. Briefwechsel 1942–1992 (mit Marie-Louise von Motesiczky). Hanser, München 2011, ISBN 978-3-446-23735-3
Rudolf Hartung. Briefe, Autobiographisches und Fotos. Hrsg. v. Bernhard Albers. Rimbaud Verlag, Aachen 2011, ISBN 978-3-89086-470-9
Das Buch gegen den Tod. Mit einem Essay von Peter von Matt. Hanser, München 2014, ISBN 978-3-446-24467-2 (auf Canettis Wunsch posthum erschienen)
Sammeleditiounen
Dramen: Hochzeit – Komödie der Eitelkeit – Die Befristeten. Hanser, München 1964; Fischer Taschenbuch, Frankfurt am Main 1978, ISBN 3-596-27027-8
Gesammelte Werke. 10 Bände in Einzelausgaben. Hanser, München 1992–2005
Werke. 13 Bände und ein Begleitband Wortmasken in Kassette. Fischer Taschenbuch, Frankfurt am Main 1995, ISBN 3-596-13050-6
Literatur
Dagmar Barnouw: Elias Canetti. Metzler, Stuttgart 1979, ISBN 3-476-10180-0 (reichhaltige Bibliographie, kleine Aufsätze von und über Canetti, Rezensionen, Sekundärliteratur bis 1976).
Helmut Göbel: Elias Canetti. Rowohlt Taschenbuch, Reinbek 2005, ISBN 3-499-50585-1.
Sven Hanuschek: Elias Canetti. Biographie. Carl Hanser, München 2005. ISBN 3-446-20584-5.
Sven Hanuschek (Hrsg.): Der Zukunftsfette. Neue Beiträge zum Werk Elias Canettis. Neisse, Dresden 2008, ISBN 978-3-940310-40-8.