Den Dorsum Buckland ass en Dorsum op der nordëstlecher viischter Moundsäit. E verleeft laanscht d'Montes Haemus um westleche Rand vum Mare Serenitatis, ugefaangen nërdlech vum Krater Sulpicius Gallus an engem Bou no Südosten, bis en nërdlech vum Promontorium Archerusia op den Dorsa Lister stéisst.
E gouf 1976 nom brittesche Geowëssenschaftler William Buckland genannt.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck