Et ass net ganz kloer, wéi wäit d'Struktur sech no Norde streckt. D'Mëtt ass ongeféier do, wou de klenge Krater Very läit. Um südlechen Enn verschwënnt den Héichtenzuch bal ganz am Mare-Flaachland, ier hie sech am Dorsa Lister fortsetzt. Dat nërdlecht Enn ass spéitstens am Krater Posidonius Y, wou d'Héichtenzich sech deelen.
De Johann Hieronymus Schröter bezeechent eng ausgedeent Struktur, déi sech aus Dorsum Nicol, Dorsa Lister, Dorsa Smirnov an engem net genannten Héichteréck, dee vum Posidonius Y no Nordoste verleeft a bei Posidonius F als Oder a real, schlaangefërmeg fortlafend, flaach niddreg Birger endegt..
[1]
Entspriechend dem Schroeter senger Bezeechnung erschéngt d'Struktur an der englescher Literatur mat der inoffizieller Bezeechnung Serpentine Ridge.