No sengem Studium am klassesche Kolléisch Notre-Dame de Bellevue zu Dinant mécht den Dominique ee Joer Philosophie a trëtt duerno de 14. September 1928 an den Dominikaneruerden am Klouschter La Sarthe zu Huy an.
Hie gëtt 1932, fir véier Joer op Roum geschéckt fir datt hie säin Theologiestudium maache konnt an deem hien och een Doktertitel gemaach huet. De 14. Juli 1934 gëtt hien zu Roum zum Geeschtleche geweit, a fiert duerno bis 1936 mat sengem Studium weider.
Wéi hien dunn zeréck an der Belsch war, huet en nach ee Joer Sozial- a Politesch Wëssenschaften zu Louvain studéiert. Duerno hält hien 10 Joer laang Philosophie- a Soziologiescoursen am Klouschter La Sarthe.
Hien ass och un de verschiddenste Sozialproblemer intresséiert, an 1938 grënnt hien de Service d'Entr'aide Familiale fir den äermste Famillen aus der Géigend vu Huy ze hëllefen.
Am Zweete Weltkrich war hien Aumônier vun der belscher Armée secrète an huet och als Agent fir de Service de renseignement geschafft, wat him déi hei ënnen opgezielt Gielercher abruecht huet.
Hien huet sech besonnesch betraff gefillt duerch déi dramatesch Situatioun vun de Flüchtlingen aus dem Zweete Weltkrich, an huet doropshin 1949 d'Organisatioun Aide aux personnes déplacées gegrënnt fir deene puer dausend Flüchtlingen déi schlecht dru waren ze hëllefen. Domat ass eng Aktioun am grousse Stil ugelaf; iwwer 18.000 Parrainagen duerch Verschécke vu Bréiwer an Hëllefspäck goufe realiséiert. Donieft goufen 4 Heemer fir eeler Flüchtlingen a 7 Europadierfer (5 an Däitschland, 1 an Éisträich an 1 an der Belsch) gegrënnt.
Gläichzäiteg lancéiert en a ganz Europa ee Kräizzuch fir l'Europe du coeur. Hie versteet dorënner: l'union de toutes les bonnes volontés par-dessus toutes les barrières (nationales, confessionnelles, sociales, linguistiques ou autres) qui divisent habituellement les humains.
Wéinst dëser Aktioun krut hien 1958 de Friddensnobelpräis, deen hie selwer awer net wéi eng Belounung gesäit, mä villméi well säi moralesche Kredit doduerch an d'Luucht gaangen ass, a fir hien éischter d'Opfuerderung war fir nach besser weider ze maachen.
Bréiwer aus der ganzer Welt déi him materiell a moralesch Misäre vun allen Zorte virun A gefouert hunn, ginn him d'Iddi wéi hie selwer seet: de mettre toutes ces bonnes volontés au service de toutes ces misères. Doropshi grënnt hien 1959 Le coeur ouvert sur le monde.
Dominique Pire: Bâtir la Paix, an Zesummenaarbecht mam Dokter Charles Dricot, Virwuert vum Professer Robert Oppenheimer, 1966, Bibliothèque Marabout, Verviers