Den Dominik Constantin München, gebuer de 26. Juni 1763 zu Dudeldorf (Äifel) a gestuerwen de 16. Dezember 1818 zu Gent, war een Theolog an Historiker.
Hie war vu 1793 bis 1803 Paschtouer zu Dikrech wou hien och Buergermeeschter war.[1]
Duerno war hien Direkter vum Athenäum zu Lëtzebuerg.[1]
1818 gouf en zum Philosophieprofesser zu Gent ernannt, ass awer schonn dat selwecht Joer gestuerwen.
Wierk
- Versuch einer kurz gefaßten statistisch-bürgerlichen Geschichte des Großherzogtums Luxemburg. Erausginn 1901 vum Martin Blum.
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Vianden 1815 op luxemburgensia.bnl.lu