De Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg (fr:Conservatoire de la Ville de Luxembourg) ass eng Museksschoul zu Märel.
Geschicht
Duerch e Gesetz vum 22. Mee1902, dat d'Schafe vun engem Museksconservatoire an der Stad Lëtzebuerg betraff huet, an dem Arrêté Grand-Ducal dozou vum 11. Mäerz1904 gouf de legale Kader fir de Conservatoire gesat. Ma eréischt 1906 gouf de Conservatoire gegrënnt, an dat mat Hëllef vun engerm Don vun der Madame Eugénie Dutreux-Pescatore. D'Gebai war domols an der rue du St. Esprit 14-16, am fréiere Refuge vun der Abtei Orval, a war grouss genuch fir ongeféier 300 bis 400 Schüler. Den éischten Direkter war de Belsch Victor Vreuls.
Nom Zweete Weltkrich ass d'Zuel vun de Schüler an d'Luucht gaangen, a schonn an der Mëtt vun den 1960er Jore gouf dovu geschwat, a méi grouss Raimlechkeeten ze plënneren, mä et sollt bis 1984 daueren, bis an dat neit Gebai um Geesseknäppchen geplënnert konnt ginn.
Dëse Gebaierkomplex (dee, wéi säi Virgänger, de Spëtznumm Quatsch huet) ass vun den Architekte Robert Heintz-Sturm a Conny Lentz, dt-8 Planungsgruppe a Büro Bussmann & Haberer. De Concerts-Sall huet eng Westenfelder-Uergel.
Vu Mëtt 2025 bis Enn 2026 soll de groussen Auditorium renovéiert ginn. D'Sëtzer an d'Teppecher ginn nei gemaach, an och de Parquet, d'Akustikspanneauen an d'Metallstrukture sollen opgefrëscht ginn. Weider kommen nei technesch Raim bäi. D‘Aarbechte sollen eng 11 Milliounen Euro kaschten.[1]
Léierbetrib
00
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
2021 goungen eng 3.800 Elèven an de Consevatoire. 170 Enseignante hunn do ronn 7.000 Coursen d'Woch ginn.
Direkter ass zanter dem 1. September 2011 de Marc Meyers.[2]