Clas von Ehnen

Clas von Ehnen
Aktivitéit Klackegéisser
Stroosseschëld zu Éinen

De Clas vun Éinen ("Clas von Enen") war e Klackegéisser, deen an der 2. Hallschecht vum 15. Joerhonnert laanscht d'Musel aktiv war.[1]

Déi éischt erhale Klack vun him ass vu 1454, déi e fir d'Duerf Riol bei Tréier gegoss huet, an déi lescht vu 1501, fir Rüsdorf bei Sierck. Am ganze sinn et der 30 Stéck, déi bis an déi haiteg Zäit iwwerlieft hunn.

Déi, déi et haut nach zu Éinen gëtt, huet als Opschrëft Clas von Enen gos mich.... 1475. Si war an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun op Walfer geroden, ier se ëm 1950 nees op Éinen hannescht bruecht gouf.[2]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Éinen déi fréier Jeekelsgaass a Rue Clas von Ehnen ëmgenannt.[3]

Referenzen

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Clas von Enen gos mich.... 1475." In: Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 156 (09.07.1976), p. 25 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. "Vier Glocken für Ehnen." In: Revue, 24. Jg., nº 9 (01.03.1969), p. 15 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-5417.