De Charles Krüger, gebuer den 9. Mäerz 1896 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 8. Mäerz 1990, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen vertrueden.[2] Dobäi huet hien den 28. August 1920 zu Bréissel säin eenzege Match fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]