De Jean-Marie Camille Guérin, gebuer den 22. Dezember 1872 zu Poitiers, a gestuerwen den 9. Juni 1961 zu Paräis, war e franséische Veterinär, Bakteriolog an Immunolog. Ë.a. ass no him de Bazillus Calmette-Guérin (BCG) benannt.
De Guérin ass an einfache Verhältnisser opgerwuess. Säi Papp ass 1882 un Tuberkulos gestuerwen. Senger Mamm hiren zweete Mann war Veterinär, wat seng Beruffswiel beaflosst huet. Hien huet 1891 no sengem Bac op der École Vétérinaire zu Maisons-Alfort studéiert, wou en duerch dem Déierepatholog a Bakteriolog Edmond Nocard (1850–1903) seng Erkenntnisser beaflosst gouf.
Nodeems e fir d'éischt an der Veterinärmedezin praktizéiert hat, huet hie sech 1897 dem Albert Calmette um Institut Pasteur zu Lille ugeschloss. Dono huet hien an der Erfuerschung vu Vaccine geschafft. 1919 ass en zesumme mam Calmette op den Institut Pasteur zu Paräis gewiesselt, wou 1921 de BCG-Vaccin fir de Gebrauch beim Mënsch entwéckelt gouf.
Zu Veianen, beim Sanatorium, wou ufanks Tuberkulospatiente kuréiert goufen, gouf eng Strooss no him (an eng nom Calmette) genannt.
Um Spaweck