Brittesch Joffereninselen

Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
'British Virgin Islands'

Fändel vun de Brittesche Joffereninselen

Wope vun de Brittesche Joffereninselen

Detailer

Detailer
National Devise: The Land, The People, The Light
(engl. „D'Land, d'Vollek, d'Liicht“)
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Road Town
Staatsform: Brittescht Iwwerséigebitt
 • Landeschef: Elizabeth II.
Gouverneur: John Duncan
 • Regierungschef: Olrando Smith
Fläch: 17 098 242[1] km²
Bevëlkerung: 31.148 (Quell: CIA 2012)
 • Bevëlkerungsdicht: 148/km²
Nationalhymn: God Save the King
Wärung: US-Dollar (USD)
Zäitzon: UTC UTC -4
Internet TLD: .vg
Internationalen
Telefonsprefix
:
+1 284
Road Town, Tortola, Brittesch Joffereninselen

D'Brittesch Joffereninselen (engl. the British Virgin Islands) sinn eng Inselgrupp vun de klengen Antillen an der Karibik, a leie ronn 100 km ëstlech vu Puerto Rico. Si sinn e brittescht Iwwerséigebitt.

16 vun de méi wéi 60 Inselen a Riffer si bewunnt.

Geographie

Zum Gebitt vun de Brittesche Joffereninsele gehéieren d'Inselen Anegada, Beef Island, Cooper Island, Ginger Island, Jost Van Dyke, Norman Island, Peter Island, Salt Island, Tortola, Virgin Gorda a doriwwer eraus och nach aner kleng Inselen ëm de Sir-Francis-Drake-Kanal.

D'Insel Anegada besteet aus Korallen a Kalleksteen an ass relativ flaach, déi aner Insele si vun vulkanescher Originn, mat Bierger an Hiwwelen. Den héchste Punkt vun den Inselen ass de Mount Sage mat 521 m op Tortola.

D'Klima ass tropesch a fiicht, d'Temperature ginn duerch de Wand ofgeschwächt. Hurrikaner an tropesch Stierem gëtt et vu Juli bis Oktober. Déi natierlech Reserve vun Drénkwaasser si begrenzt, mat der Ausnam vun ettleche Flëss, déi am Summer ausdréchnen, a vu Quellen op Tortola. De gréissten Deel vun der Waasserversuergung vun den Insele kënnt aus Pëtzer an de Reewaasser-Gebidder.

Bevëlkerung

Déi Brittesch Joffereninselen hunn ongeféier 31.000 Awunner. D'Majoritéit vun den Awunner ass vun afrikanescher Ofstamung.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: British Virgin Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Vereent Natiounen 2004