Bei Schantgesaarbechten am Haff goufen d'Wuerzele vun der Buch beschiedegt, wouvunner se sech net méi erhuele konnt.[3]. Enn Mäerz 2022 gouf de Bam, well e bannendra faul war, aus Sécherheetsgrënn ewechgeholl.[4].
D'Routbuch gouf duerno duerch eng jonk Lann ersat.
Beschreiwung
Op enger Héicht vu ronn 2 m ass en Ofsaz ronderëm de Stamm gelaf, deen doriwwer eraus däitlech manner déck war. Den Ofsaz ass do entstanen, wou d'Kroun op d'Ënnerlaggeprafft gouf.
Ëm 2000 gouf um Stamm, op enger Héicht vun 1,30 m, en Ëmfang vu 5,25 m, bei enger Gréisst vun 22 m, gemooss[2]. De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, kann awer, am Joer 2010, op ronn 150 Joer geschat ginn. Aner Aussoe schätzen en esouguer am Joer 2021 op 260 bis 300 Joer[5],[6].
2009 goufe Fruchtkierper vun engem Pilz, dem Flaache Lackporling (Ganoderma applanatum) op der Ënnerlag festgestallt
[7]; en Hiweis, datt dem Bam seng Ofwierkräfte geschwächt waren. 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert de Bam trotz senger Pilzkrankheet z'erhalen[8]. Dës Decisioun ass awer am Oktober 2021 revidéiert ginn an d'Stad Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt de Bam aus Sécherheetsgrënn misst gehae ginn. Dëst ass dunn Enn Mäerz 2022 geschitt[7].
Literatur
Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 84-85, Text a Foto).