1941 ass d'Abtei ënner Zwangsverwaltung vun der däitscher Besatzung komm. D'Benediktiner goufe verdriwwen an duerch verschidde Baustellen ass versicht ginn, de reliéise Charakter vum Gebai auszeläschen.
1947 sinn d'Benediktiner nees zeréckkomm an hunn d'Kierch, déi vill gelidden hat, an de Jore bis 1951 nees opgebaut.
Bau
D'Verhältnes vun de Moosse vum Kiercheraum si mat 1,616 net wäit vum Gëllene Schnëtt ewech. D'Kierch huet dräi Schëffer, ass also d'Opdeelung hir wéi eng Basilika. De Grondrëss huet eng Längt vu 66 m. D'Mëttelschëff ass 15 m héich an 10 m breet. D'Queeschschëff ass 22 m breet.
Altor
Den Altor ass aus massivem Steen. E gouf vum Philippe Kaeppelin gemeesselt an e staamt aus dem Joer 1952. E weist véier Relieffer, op deene véier Liewewiese sinn, déi d'Evangelisten duerstellen. E Stéier fir de "Lukas", en Aadler fir de Jang (Evangelist)]], e Léiw fir de Marc, an e Mënsch fir de Mett.
Chouerstill
75 Chouerstill stinn am Paterechouer tëscht der Apsis an dem Mëttelschëff. Siwemol am Dag versammele sech d'Pateren tëscht e Véirel op fënnef mueres an néng Auer owes do fir ze bieden a fir eng Mass, déi op Franséisch an op Latäin gehale gëtt.
Altorkräiz
Dat hëlze Kräiz, dat mat Gold iwwerzunn ass, staamt vum Dom Georges Saget. Et ass 1961 fir eng Christusfigur vum Sculpteur a Moler Dante Donzelli entworf ginn. D'Kräiz ass dekoréiert mat hallefronnen emailléierte Steng.
D'Kräiz staamt aus den Atelierë vun der Abtei.
Sakramentskapell mam Sakramentsaltor
Den Altor mam hellege Sakrament, dee bei der Ostsäit vum nërdleche Säiteschëff steet, ass aus dem Joer 1954 a staamt vum Philippe Kaeppelin. D'Dier vum Tabernakel ass mat engem Fësch dekoréiert, e Symbol, deem seng Originne bis an d'Urkierch zeréckginn. Den Altor ass mat Sëlwerplacke gerëscht, déi mat Gold iwwerzu sinn. Um ënneschten Deel sinn Zeenen aus dem Neien Testament ze gesinn.
Säitenaltär
D'Abteikierch huet véier al Altär, déi aus dem 15. a 16. Joerhonnert stamen, an 1910 aus der Kapell vun der fréierer Jesuitteresidenz an der Stad Lëtzebuerg op Klierf bruecht goufen. Dräi weider Retabele sti bannent der Klausur.
Pieta-Altor
Op dem Säitenaltor lénks nieft dem Agank steet eng Pieta vun ëm 1400, déi vun engem Skulptuer aus Schwoben staamt.
De Marienaltor
De Marienaltor op der Nordsäit vum Queeschschëff ass den Houfert vun der Kierch. D'Holzstatu vun der Jesusmamm gouf vum MemmingerIvo Strigel geschaf.
Fënsterrosett
Déi grouss Fënsterrosett op der Westsäit ass vum Maurice Rocher a stammt aus dem Joer 1961. Ronderëm d'Kräiz an der Mëtt sinn aacht Fënstere mat Symboler: D'Sonn, de Mound an d'Stären, Weess, eng Rief an en Olivebam.
De 65 Meter héijen Tuerm ass am selwechte Stil gebaut wéi déi romanesch Tierm an der Bourgogne, déi hirersäits op déi vun der Benediktinerabtei vu Cluny zeréckzeféiere sinn.
Am Tuerm hänken dräi Klacken, allen dräi vun 1914:
"Benedicta-Scholastica", déi 2.014 Kilo weit an 146 cm huet, si laut a "ré"
"Joanna de Arc", Duerchmiesser 130 cm an e Gewiicht vun 1.409 Kilo a laut a "mi"
"Maria Carola", si weit 971 Kilo an huet en Duerchmiesser vun 130 cm; si laut a "fa".
Aner Klacken
An der Abtei gëtt et nach dräi méi kleng Klacken:
"Adelaide", 105 kg, 68 cm, Toun "ré"
"Victoria", 100 kg, 52 cm
"Stephanus", 100 kg, 48 cm ass déi eelst a staamt aus dem 15. Joerhonnert.
Honnertjoerfeier
Fir d'Honnertjoerfeier 2010 gouf de Banneraum vun der Abteikierch an de Joren 2008 an 2009 komplett renovéiert. D'Kierch krut fir d'éischt Kéier eng modern Buedemheizung. Dem Klackentuerm, ronderëm dee schonn e puer Joer eng Stee steet, seng Baussesteng, déi aus engem Steebroch vu Klierf stamen, musse stabiliséiert ginn.
Literatur
Schött, Sarah, 2022, Eine Reise durch den Glauben, Ein neues Buch beschäftigt sich mit der Symbolik hinter den Fenstern in der Abteikirche von Clerf, Luxemburger Wort, 23. 09. 2022, S. 20