Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bis den 1. Januar1979, der Fusioun vun de Gemenge Roudemer a Jonglënster huet Beidler zu der Gemeng Roudemer gehéiert.
Geschicht
Bis virun 930 geet Geschicht vu Beidler zeréck. Et gouf deemools schonn eng Par Beidler, déi der Abtei Iechternach, déi d'Paschtéier gestallt huet, ënnerstoung. Bis zur Franséischer Revolutioun huet dësen enke Lien mat Iechternach gehalen, och wann an der Tëschenzäit een Deel vun de Rechter den Häre vu Meesebuerg gehéiert huet. Ëm 1450 huet de Paschtouer vu Beidler dem Schlass vu Meesebuerg all Joer ënner anerem zwéi Sieschter Wäi misse liwweren. Deemno hu misse Wéngerten an den Häng vun der Uertschaft gewiescht sinn. Haut heescht nach eng Plaz déi op der Sonnesäit läit, "Um Waangert".
Dimmer, D. & C. Mathay (Koordinatioun), s.d. [2006]. Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 264 S.