Beatrice-M.-Tinsley-Präis

D'American Astronomical Society gëtt all zwee Joer de Beatrice-M.-Tinsley-Präis eraus. De Präis ass fir grouss Fuerschungen an der Astronomie oder an der Astrophysik, déi vun aussergewéinlecher kreativer oder innovativer Aart sinn. De Präis ass no der Kosmologin an Astronomin Beatrice Tinsley benannt.

Gewënner vum Tinsley-Präis

Joer Präisdréier Begrënnung
1986 Jocelyn Bell Burnell Entdeckerin vum éischte Pulsar
1988 Harold I. Ewen
Edward Mills Purcell
Entdecker vun der 21cm-Linn vum atomare Waasserstoff
1990 Antoine Labeyrie Huet d'Speckle-Interferometrie erfonnt
1992 Robert Henry Dicke Huet de Lock-in-Verstäerker erfonnt
1994 Raymond Davis junior Erfinder vun Neutrinodetekteren, éischt Miessung vu solaren Neutrinoen
1996 Aleksander Wolszczan Entdecker vum éischte Pulsarplanéit
1998 Robert E. Williams Spektroskopie, besonnesch a Gaswolleken
2000 Charles R. Alcock Sich no masseräichen a kompakten Objeten a galakteschen Haloen
2002 Geoffrey Marcy
 USA R. Paul Butler
 USA Steven Vogt
Entwéckler vun ultra-héichopléisender Dopplerspektroskopie, an Entdecker vu villen extrasolare Planéiten duerch Miessunge vun der Radialvitess
2004 Ronald J. Reynolds Studie vum interstellare Medium
2006 John E. Carlstrom Erfuerschung vum kosmesche Mikrowellenhannerergrond mat Hëllef vum Sunjajew-Seldowitsch-Effekt
2008 Mark Reid Fir Prezisiouns-Astrometrie-Experimenter mam VLBI a mam VLBA a Pionéieraarbechte fir de Gebrauch vu kosmesche Maseren an der Astronomie. Seng Fuerschungen an der Radioastronomie hunn zum bessere Verstoe vu Regioune mat Stäregebuerte geféiert an hunn d'Ofstandsmiessunge an der Lokaler Grupp verbessert.
2010 Drake Deming Fir d'Entdeckung vun thermescher Infrarout-Stralung vun Exoplanéite mam Spitzer-Weltraumteleskop
2012 Ronald L. Gilliland Fir Time-domain-Fotometrie mat héijer Signal-zu-Rausch-Stellung.
2014 Chris Lintott Fir d'Generéierung vun engem transformativen Zougank zu de Naturwëssenschaften duerch Abezéiung vun Net-Wëssenschaftler an der Spëtzefuerschung
2016 Andrew Gould Fir seng Entwécklung vu Gravitatiouns-Mikrolënsen.
2018 Julianne Dalcanton Fir hir bunnbriechend Verwendung vu groussen Ëmfroe fir d'Ënnersich vu Galaxië mat klenger Uewerflächenhellegkeet an hirer Féierung bei der Entwécklung vum Hubble Space

Um Spaweck