Pulsarplanéite sinn Exoplanéiten, déi Pulsaren oder Neutronestären ëmkreesen. Deen éischte vun dëse Planéite gouf ëm ee Millisekonnepulsar entdeckt a war och deen éischten Exoplanéit, deen entdeckt gouf. Pulsarplanéite gi mat der Pulsar-Timing-Method fonnt, also iwwer Anomalië vun der Pulsperiod. All Himmelskierper, déi ëm ee Pulsar kreesen, verursaache reegelméisseg Ännerunge vun der Pulsperiod. Well Pulsare mat enger konstanter Vitess rotéieren, kënnen Ofwäichunge relativ einfach mat geneeë Moossmethode festgestallt ginn.
D'Scheif entstoung méiglecherweis aus metallräichen Oflagerunge vun enger Supernova, déi de Pulsar virun zirka 100.000 Joer gebilt hat. Si gläicht deenen, déi ëm sonnenänlech Stären ze fanne sinn, wat unhuele léisst, datt och änlech Planéiten entstinn. Pulsarplanéite kënne warscheinlech kee Liewen ervirbréngen, wéi mir et kennen, well den héije Grad vu ioniséierender Stralung, déi de Pulsar ofstraalt, an de Manko vu visuellem Liicht deen derzou gehéiert, all bekannt Form vu Liewen onméiglech mécht.
Lëscht vu bekannte Pulsarplanéiten
Bemierkung: MJ ass d'Mass vum Jupiter, an ME d'Mass vun der Äerd.