D'Banque Internationale à Luxembourg SA (BIL) ass eng Bank a Form vun enger Société anonyme no Lëtzebuerger Recht. Aktionäre sinn zanter September 2017 déi chineesesch Legend Holdings (90 %) an de Lëtzebuerger Staat (10 %).
Legend huet seng Parte vu Precision Capital, engem Investergrupp vun der Kinneksfamill aus dem Katar fir bal 1,5 Milliarden Euro ofkaaft[3], dee se sengersäits 2012 kaaft hat.[4]. Deemools hate Precision Capital an de Lëtzebuerger Staat d'Kapital vun der Dexia Banque Internationale à Luxembourg, déi bis dohin zum Dexia-Grupp gehéiert huet, fir 730 Milliounen Euro opkaaft.
Dexia hat hirersäits an den 1990er Joren d'Banque Internationale à Luxembourg iwwerholl. D'Participatioune vun Dexia zu Lëtzebuerg an Dexia Asset Management Luxembourg, RBC Dexia Investor Services Limited an Dexia LDG Banque goufen net mat iwwerholl[4].
2015 hu 1.940 Leit bei der BIL geschafft an den Nettogewënn louch bei 134 Mio. Euro. De Generaldirekter ass de Marcel Leyers[5].
Geschicht
D'Banque internationale à Luxembourg gouf 1856 gegrënnt a war déi éischt Bank zu Lëtzebuerg[6]. Haaptmotivatioun vun der Grënnung war et, de Bau vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg ze finanzéieren. Grënnungsaktionäre waren däitsch Banquieren, de Raphael Erlanger vu Frankfurt/Main, an den Abraham Oppenheim an de Gustav Mevissen vu Köln[7].
D'BIL huet 1856 deen éischte Geldschäin zu Lëtzebuerg erausginn an hat dëse Privileeg bis 1999, wéi den Euro agefouert gouf[8].
An den 1970er Joren huet se d'Clearinggesellschaft Cedel, déi spéider Clearstream, matgegrënnt. An den 1980er Joren huet d'BIL hir Bedeelegungen un auslännesche Banke gehéicht, an huet Auslandsrepresentatiounen opgemaach ë. a. zu Singapur, New York, London, Tokio a Madrid. 1976 huet se d'Banque Lambert Luxembourg opkaaft[6].
1991 gouf de Crédit Communal de Belgique Haaptaktionär vun der BIL. 1996 huet dësen eng Coentreprise mam Crédit Local de France gemaach, där hiert Resultat de Groupe bancaire Dexia war. 2000 gouf aus der BIL d'Dexia Banque Internationale à Luxembourg[6].
Bibliographie
Calmes, C., Une banque raconte son histoire: histoire de la Banque Internationale : 1856-1981, Luxembourg, Saint-Paul, 1981.