Den Auxerrois eigentlech Pinot Auxerrois[1] ass eng Wäisswäin Riefzort, déi haaptsächlech an de Wéngerte vun der Lëtzebuerger an däitscher Musel an am Elsass ugebaut gëtt.
Den Numm staamt warscheinlech aus der franséischer Grofschaft Auxerre, aus där hirer Ëmgéigend se kënnt.
D'Auxerrois-Rief gehéiert zur Grupp vun de Burgunder an ass eng natierlech Kräizung tëscht Pinot a Gouais Blanc (Weisser Heunisch).
D'Verbreedung vun der Riefzort ass mat der Verdreiwung vun den Hugenotten aus Frankräich verbonnen. D'verdriwwe Wënzer hunn d'Rief matgeholl a si an hiren neien Heemechten ugeplanzt.
Et fënnt ee se haut op der lëtzebuergescherMusel an am franséischen Elsass (1.500 ha). An Däitschland gëtt si dacks op der saarlännescherUewermusel an de Wäibaugebidder Nennig, Perl, Oberperl a Sehndorf, souwéi am Palzem (Rheinland-Pfalz) ugeplanzt. An der Pfalz (2004 = 38 ha) fanne mer d'Zort ë. a. a Schweigen-Rechtenbach. A Baden gëtt déi Zort haaptsächlech am Kraichgau an am Markgräflerland ugebaut; déi ganz Fläch am Wäibaugebitt huet 2004 am Ganze 56 ha ausgemaach.
Déi weltwäit Verbreedung vun der Zort däerft bei ongeféier 2300 Hektar bestackter Rieffläch leien (Stand 1999).
De Wäin aus dëser meefraschtempfindlecher Drauf erënnert u Wäissburgunder, allerdéngs mat wéineg Saier, meescht ënner 7 0/00. D'Uspréch un déi Lag si mëttel bis héich.
A Frankräich si fir d'Produktioun vu Qualitätswäiner d'Klone 56 a 57 zougelooss.
Am südwestfranséischen Ubaugebitt Cahors gëtt och déi rout Riefzort Malbec Auxerrois genannt.