Mat nëmmen 10 Joer an 8 Méint koum den Auguste Neyen an de Kolléisch. 1828 schreift e sech op der Universitéit vu Léck an, als éischt fir Mathematik a Physik, a fir e puer Philosophiescoursen. E mécht mat Distinctioun seng Candidature an der Mathematik a Physik, a schreift sech dann 1830 a fir Medezin. D'Joer drop mécht en och do mat Distinctioun seng Candidature, an nach e Joer drop säin Doctorat. An där Zäit schreift en éischt Memoiren iwwer d'Zoologie, fir déi e sech begeeschtert. Well e säi Visa net krut fir direkt a sengem Heemechtsland als Dokter unzefänken hänkt en nach e Joer drun a mécht säin Dokter an der Chirurgie an Accouchement. Doropshi krut en da säi Visa an e fänkt 1832 am Kanton Virton als Dokter un.
Op Dränge vu sengen Eltere léisst e sech 1837 an der Stad Lëtzebuerg als Dokter néier, als éischt an der Kapuzinergaass. An déi Zäit fält och d'Erwäche vu sengem Intressi un der Geschicht, och wann en nieft senger Aarbecht an nieft senge Geschichtsnotizen als éischt nach medezinesch an naturwëssenschaftlech Wierker verëffentlecht.
No sengem Bestietnes den 19. Mee 1841 mat der Gertrude Justine Netzer vu Wolz plënnert en an d'Philippsgaass. Duerch seng nei Begeeschterung fir d'Geschicht engagéiert e sech entscheedend fir d'Grënnung vun der spéiderer Société archéologique, déi 1845 dann och Realitéit gëtt. 1846 plënnert en op Wolz, wou seng Fra hier ass.
Wärend der Choleraepidemie 1866 konnt e mat sengen Dokteschkolleege villen hëllefen, vu 505 Patiente sinn der just 60 gestuerwen. Am Krich 1870/71 mellt e sech fir de blesséierten Zaldoten ze hëllefen.
Mat senger Fra hat en 8 Kanner, vun deenen der 5 et bis an den Erwuessenenalter gepackt hunn.
Kuerz viru sengem Doud behaapt en, d'Hierschuel vun der Yolanda vu Veianen fonnt ze hunn[2], obwuel déi 78 Joer virdru vum Cyprien Merjai zesumme mam Rescht vum Skelett ausser dem Gebéck fonnt a matgeholl gouf[3],[4]. Et kéint also am beschte Fall sinn, en hätt se kaaft, mee och da wier net sécher op en déi echt krut.
Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. 3 Bänn 1860, 1861 an 1876; Nodrock 1972 an 1973.
De l'origine et du but véritable de la procession dansante d'Echternach. Bulletin de l'Institut archéologique liégeois, 15 (1880), S. 223-297.
Histoire de la ville de Vianden et de ses comtes. V. Bück, Libraire, Buch vun 1851
Den Nicolas van Werveke schreift:
"Neyen, d'une activité infatiguable, est néanmoins un historien tout à fait superficiel et manquait de toute espèce de critique, de sorte que toutes les données de tous ses travaux ne peuvent ëtre admises qu'après un examen sérieux, remontant aux sources, même lorsque Neyen a indiqué celles-ci et a prétendu les suivre."
Vum V. T. Kellen héiert een:
"Je tiens à prémunir mes lecteurs contre l'exactitude des détails fournis par A. Neyen qui sont toujours sujets à caution."
De Lambert-François Picard schreift an engem Bréif vum 4. August 1844 un de Grof vun Aansebuerg:
"Le Docteur Neyen est bien le frère de notre voisin de Marienthal, et bien plus ostrogoth que lui."
Et muss een dozou awer och soen, datt et an där Zäit nach keng richteg geschichtswëssenschaftlech Standarde gouf, an datt een et dem Neyen zegutt hale muss, datt e sech éischtens d'Méi gemaach huet all seng Sourcen ze fannen an zweetens se um Enn vu senge Wierker z'ernimme wat deemools net Usus war. Sou ass dann och dem Joseph Goedert säin Urteel equilibréiert, wann e vun Neyen, Edmond de la Fontaine a François-Xavier Wurth-Paquet engersäits vu "médiévistes improvisés" schwätzt mee anerersäits och festhält et wieren "amateurs éclairés, hommes de savoir et de goût". Trotzdeem ass ze bedaueren, datt den Neyen ë. a. seng Sourcen net kritesch hannerfreet, en heiansdo iwwerflächlech bleift, Lapsussen duerchléisst oder sech Fantasien erlaabt, a sech net genuch intresséiert huet fir Leit déi zu senger Zäit nach gelieft hunn a Gebaier déi dunn nach stounge mee um Punkt waren ze verschwannen. Egal wéi muss een et him zegutt halen, duerch säin Asaz d'Grënnung vun der Société archéologique duerchgesat ze hunn, an d'Biographie luxembourgeoise erausbruecht ze hunn déi op d'mannst fir Historiker déi d'Sourcen iwwerpréiwe kënnen e ganz grousse Wäert huet.
Mersch, Jules,1968. Le médecin-historien Claude-Auguste Neyen (1809-1882). In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, vol. 8, fasc. 16, S. 535-585.
Referenzen
↑Quell vun dësem Kapitel "Liewen", wou net anescht uginn, ass déi vum Jules Mersch verfaasst Biographie, déi am Kapitel "Literatur" uginn a verlinkt ass.
↑Marc Schoellen, Marienthal/Märjendall/Mariendall/Val-Sainte-Marie. Spurensuche in einer vielschichtigen Kulturlandschaft Luxemburgs, Service national de la jeunesse, 2016, S. 185-186