Den Ascraeus Mons ass den nërdlechste Vulkan vun den Tharsis Montes an der Tharsis-Regioun um Mars. Hie läit no beim Equator. Seng Spëtzt ass 18 km héich an hien ass domat, nom Olympus Mons den zweethéchste Vulkan am Sonnesystem.
De Begrëff Ascraeus Mons (laténgesch „askräesche Bierg“) bezitt sech op d'Plaz Askra, d'Gebuertsplaz vum Hesiod, um Bierg Helikon a Böotien.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
Bierger a Vulkaner um Mars |
---|
|