Den Alfred Andersch war de Jong vun engem Offizéier an huet eng Léier als Libraire gemaach. Mat 18 Joer hat hien eng Plaz beim kommunistesche Jugendverband aus Südbayern. Dowéinst gouf hien 1933 6 Méint am KonzentratiounslagerDachau agespaart.
Am Juni 1944 huet hien an Italien aus der Wehrmacht desertéiert an hien ass an amerikanesch Krichsgefaangeschaft komm.
1946 koum hien aus den USA an Däitschland zeréck, wou hien déi literaresch-politesch Wochenzeitung Der Ruf erausbruecht huet. 1947 gouf dës Wochenzeitung wéinst hiren zäitkritischen Artikele vun der amerikanescher Zensur verbueden.
Vun 1948 bis 1958 huet den Alfred Andersch bei verschiddenen Zäitschrëfte respektiv Radiostatioune geschafft, duerno war hie fräie Schrëftsteller an Auteur vun Héierstécker.
Vun 1958 bis zu sengem Doud huet den Alfred Andersch zu Berzona am Tessin gelieft.
Säi Wierk
Den Alfred Andersch huet ënner anerem follgend Bicher geschriwwen: