De BaronAlbert Frère, gebuer de 4. Februar1926 zu Fontaine-l'Évêque, a gestuerwen den 3. Dezember2018[1],[2], war e belsche Finanzinvestisseur a Milliardär. Hie gouf als de wichtegsten Entreprener vun der Belsch an ee vun den aflossräichsten an Europa ugesinn. Hie war déi räichst Persoun an der Belsch.
Säi Liewen
Geschäftleches
Als Jong vun engem klengen Entreprener den Neel a Ketten hiergestallt huet, ass den Albert Frère gläich no der Schoul an de Familljebetrib erageklommen. Aus der Entreprise gouf d'Handelshaus Frère-Bourgeois an de jonke Frère huet sech am Alter vun 30 Joer a Richtung Stolindustrie gedréint. Hien huet Participatiounen un de Walzwierker vu Ruau an duerno un de Schmëtte vun Thy-Marcinelle-Monceau an Hainaut-Sambre opkaaft. Enn vun den 1970er Joren huet hie praktesch all d'Schmelze ronderëm Charleroi kontrolléiert. Als ee vun den Éischten hat hien d'Stolkris opkomme gesinn an huet Enn vun den 1970er Jore seng Schmelzen un de belsche Staat verkaaft.
Mat dem Kapital dat en doraus gemaacht hat, huet hien zesumme mam kanadesche Geschäftsmann Paul Desmarais déi SchwäizerPargesa Holding SA gegrënnt. Am Joer 1982 huet Pargesa déi belsch Holding Groupe Bruxelles Lambert (GBL) iwwerholl. Domat huet hien dBanque Bruxelles Lambert (BBL) kontrolléiert a sech un der Medienentreprise CLT bedeelegt, där d'Majoritéit vum RTL Group gehéiert huet. Hie war och un der belscher AssurancëgesellschaftRoyale Belge an der belscher PëtrolsfirmaPetrofina bedeelegt. 1986 huet hien dÉditions Dupuis kaaft a se duerch d'Editioun vu Comicken zu engem éischtklassege Verlag am franséischsproochege Raum gemaacht.
Mam Verkaf vun der BBL un déi hollännesch ING Groep, dem Verkaf vun der Majoritéit vun der RTL Group un d'Bertelsmann AG, vun der Royale Belge un déi franséisch AXA a vum belschen Energieconsortium Tractebel un de Grupp Suez ass et dem Frère reegelméisseg gelongen, seng Bedeelegung un enger nationaler Entreprise géint eng Bedeelegung un enger méi staarker multinationaler Entreprise ze tauschen. Am Joer 2005 war hien duerch seng Holding-Gesellschaft mat 25,1 % u Bertelsmann bedeelegt, mat 3,6 % un der Pëtrolsfirma Total, mat 7,2 % un der franséisch-belscher Entreprise Suez a mat 26,4 % um Paräisser MineralkonzernImérys.
Bertelsmann huet den 1. Juli 2006 dem Frère seng Participatioun nees opkaaft, woumat Bertelsmann erëm vollstänneg der Famill Mohn an enger Stëftung gehéiert huet. Domat gouf eng vun der GBL geplangt Cotatioun op der Bourse verhënnert.
Am Joer 2002 gouf dem Albert Frère säi Verméigen op 11 Milliarden Euro geschat; 2007 op 3 Milliarden. Hie war deen eenzege Belsch deen an der Forbes-Lëscht vun de räichste Leit op der Welt opgefouert gouf.
Privates
Den Albert Frère war bestuet an hat dräi Kanner. Mat senger éischter Fra der Nelly Poplimon hat hien e Fiss, de Gérald a mat senger zweeter Fra, der Christine Henning, zwee Kanner, d'Ségolène an de Charles-Albert, deen 1999 bei engem Autosaccident am Alter vun 19 Joer gestuerwen ass.
Gielercher
Ritter vun der franséischer Éierelegioun (19. Dezember 1978)
Bernard Thomas, 2018. Albert Frère (1926-2018): Un baron au pays des Schtroumpfs. Une histoire du capital belge au Grand-Duché.d'Lëtzebuerger Land vum 14. Dezember 2018, Nr. 50, S. 10.