Aire de Wasserbillig

Aire de Wasserbillig ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A1, nërdlech vu Waasserbëlleg an der Gemeng Mäertert a westlech vum däitsche Laser.

Virum Akraafttriede vun de Schengener Accorde war den Terrain e Grenzposte mat engem Douanesbüro; déi deemoleg Gebaier sinn hautdesdaags deels an de Komplex vun der Raschtplaz integréiert ginn.

Waasserbëlleg-Nord

D'Raschtplaz Waasserbëlleg-Nord ((fr) Aire de Wasserbillig-Nord) läit um KP 35,50 tëscht der Sauerdallbréck an dem Viaduc iwwer d'Sernigerbaach an der Richtung fir an d'Stad Lëtzebuerg. D'Ausfaart Waasserbëlleg (N° 15) leeft laanscht den nërdleche Bord vun der Raschtplaz a stéisst südwestlech dovun op den CR141B.

D'Bensinnsstatioun gëtt vun TotalEnergies exploitéiert[1]. Op der Raschtplaz gëtt et eng Cafeteria vun „Café Bonjour“.

Waasserbëlleg-Süd

An der Richtung fir op Tréier läit d'Raschtplaz Waasserbëlleg-Süd ((fr) Aire de Wasserbillig-Sud) e knappe Kilometer virun der däitscher Grenz um KP 35,50. Se läit nërdlech vum Park-and-Ride Miesenech an nërdlech vun der Ausfaart Waasserbëlleg (N° 15). Ëstlech laanscht d'Raschtplaz leeft d'Opfaart Waasserbëlleg fir a Richtung Däitschland ze fueren.

D'Bensinnsstatioun gëtt vun TotalEnergies exploitéiert[2]. De Restaurant Burger King deen zënter 2011 do besteet, war den éischte Restaurant deen d'Fast-Food-Chaîne zu Lëtzebuerg opgemaach hat[3].

Zukunftspläng

D'Gemeng Mäertert plangt fir hire PAP ëmz'ännere fir datt se d'Méiglechkeet kréien d'Terraine ronderëm d'Aire de Wasserbillig ëmzeklasséieren an esou e Pôle d'échange kënnen ze schafen[4].

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Aire de Wasserbillig – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. WASSERBILLIG NL000066. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  2. WASSERBILLIG NL004019. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  3. (de)Fastfood Burgerkrieg in Wasserbillig. Revue, 66. Jg., nº 23, p. 9 (08.06.2011). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  4. (de)Luxplan, Modification du PAG „Aire de Wasserbillig“ à Wasserbillig. Commune de Mertert. Gekuckt de(n) 08.08.2024.