4. Abrëll
De 4. Abrëll ass de 94. Dag (95. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
- 1949: Den NATO-Vertrag gëtt vun den USA, Kanada, Groussbritannien, Frankräich, der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Italien, Portugal, Dänemark, Norwegen an Island ënnerschriwwen.
- 1971: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1972, 1:0 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[1]
- 2000: De Yoshiro Mori gëtt neie Regierungschef a Japan.
- 2023: Finnland gëtt NATO-Member.
Gebuer
-
Joseph Nicolas Delisle
-
Muddy Waters
-
Daniel Cohn-Bendit
-
Heath Ledger
- 0188: Caracalla, réimesche Keeser.
- 1688: Joseph Nicolas Delisle, franséischen Astronom a Kartograph.
- 1773: Étienne Maurice Gérard, Maréchal de France.
- 1876: Joseph Clasen, lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.
- 1880: Vincent Wiesenbach, lëtzebuergesche Fluchpionéier.
- 1892: Karl Wilhelm Reinmuth, däitschen Astronom.
- 1892: Auguste Delaporte, lëtzebuergesche Politiker.
- 1897: Pierre Fresnay, franséische Schauspiller.
- 1898: Maurice Gleize, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1898: Victor Neuens, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 1900: Adolf Patek, éisträicheschen Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.
- 1908: Alfred Adam, franséische Schauspiller.
- 1914: Marguerite Duras, franséisch Schrëftstellerin.
- 1915: Muddy Waters, US-amerikanesche Bluesmuseker.
- 1920: Éric Rohmer, franséische Filmregisseur.
- 1922: Elmer Bernstein, amerikanesche Filmmusek-Komponist.
- 1923: Peter Vaughan, englesche Schauspiller.
- 1925: Serge Dassault, franséische Politiker an Industriellen.
- 1928: Josep Maria Forn, spuenesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Schauspiller.
- 1932: Anthony Perkins, amerikaneschen Acteur.
- 1933: Frits Bolkestein, hollännesche Manager a Politiker.
- 1939: Hugh Masekela, südafrikaneschen Jazzmuseker.
- 1942: Norbert Ketter, Lëtzebuerger Fotograf.
- 1945: Daniel Cohn-Bendit, däitsche Politiker.
- 1952: María Mendiola, spuenesch Sängerin.
- 1952: Gary Moore, brittesche Museker.
- 1955: Ali Kaes, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1956: Charles Margue, lëtzebuergesche Soziolog a Meenungsfuerscher.
- 1963: Yves Wengler, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1968: Robert Adam, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1977: Sam Tanson, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1979: Heath Ledger, australesche Schauspiller.
- 1999: Julija Vujakovic, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
Gestuerwen
- 1807: Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande, franséischen Astronom a Mathematiker.
- 1841: William Henry Harrison, 9. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1926: Albert Breisch, lëtzebuergesche Goldschmadd.
- 1929: Carl Benz, däitschen Ingenieur.
- 1968: Martin Luther King, US-amerikaneschen Theolog a Biergerrechtler, Nobelpräisdréier (ermuert).
- 1977: Emile Gillen, Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.
- 1983: Gloria Swanson, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 1983: Kārlis Šteins, letteschen a sowjeteschen Astronom.
- 1991: Max Frisch, Schwäizer Schrëftsteller.
- 1994: Jean-Pierre Weisgerber, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1995: Priscilla Lane, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1999: Faith Domergue, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2001: Liisi Oterma, finnesch Astronomin.
- 2004: Albéric Schotte, belsche Vëlossportler.
- 2005: Blanchette Brunoy, franséisch Schauspillerin.
- 2005: Fernand Herman, belsche Politiker.
- 2010: Robert Angel, lëtzebuergesche Politiker a Kardiolog.
- 2012: Claude Miller, franséische Filmregisseur.
- 2013: Roger Ebert, US-amerikanesche Filmkritiker.
- 2013: Carmine Infantino, US-amerikanesche Comicszeechner.
- 2019: Jean Goedert, lëtzebuergesche Politiker an Dokter.
- 2020: Hans Meyer, südafrikanesche Schauspiller.
- 2023: Maria Sebaldt, däitsch Schauspillerin.
Feierdeeg
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich de 4. A brëll 1971 op der Websäit vun European Football
|
|