École nationale de santé du Luxembourg

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
École nationale de santé du Luxembourg
De Centre de formation Luxembourg vum Lycée technique pour professions de santé (2008)
(LTPS)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Adress 27, rue Barblé, L-1210 Lëtzebuerg
Leedung Maly Goedert
Schülerzuel 858
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Gegrënnt 1. Januar 1995
Koordinaten 49°37'9,19"N, 6°5'59,10"O
Um Spaweck https://www.ltps.lu/

D'École nationale de santé du Luxembourg, virum Schouljoer 2024/25 Lycée technique pour professions de santé (kuerz LTPS), ass eng ëffentlech Secondaires- an Héichschoul fir Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg.

Ënner enger administrativer Eenheet gëtt et verschidde Strukture vun der Schoul, déi als Centre de formation pour professions de santé bezeechent sinn[1]:

  • de Sëtz an déi fréier Struktur LPTS Mercator am Gebai SIELUX zu Stroossen[2],
  • den LPTS Bascharage zu Nidderkäerjeng,
  • den LPTS Ettelbruck zu Ettelbréck.

Historique

De Lycée technique pour professions de santé gouf retroaktiv den 1. Januar 1995 (Gesetz vum 11. Januar 1995) geschaaft[3]. D'Regierung krut duerch Gesetz vum 24. Juli 2007 de Bau vun engem Lycée erlaabt[4].

Mam groussherzogleche Reglement vum 7. November 2024 krut d'Schoul retroaktiv op den Ufank vum Schouljoer 2024/25 den neien Numm « École nationale de santé du Luxembourg »[5].

Ausbildungsoffer

Den LTPS bitt follgend Formatiounen un:

Zukunftspläng

Duerch d'Gesetz vum 21. September 2017[6] krut d'Regierung d'Méiglechkeet fir zu Stroossen en neit Gebai fir den LTPS bauen ze loossen. Nodeems am Februar 2021 déi éischt Virbereedungsaarbechten ugefaangen hunn, gouf am September vum selwechte Joer mam Bau vum neie Lycée, dee fir 1.200 Schüler ausgeriicht ass, ugefaangen. Déi nei Schoul soll fir d'Rentrée 2024/25 fäerdeg sinn[7].

Direkter

  • Maly Goedert

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (fr)Centres de formation du LTPS. www.ltps.lu. Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  2. (fr)Déménagement du LTPS - LTPS - Lycée Technique pour Professions de Santé. www.ltps.lu. Gekuckt de(n) 19.11.2024.
  3. (fr)Loi du 11 janvier 1995 portant réorganisation des écoles publiques et privées d'infirmiers et d'infirmières et réglementant la collaboration entre le ministère de l'Education nationale et le ministère de la Santé.. legilux.public.lu (11.01.1995). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  4. (fr)Loi du 24 juillet 2007 relative à la construction d'un Lycée technique pour Professions de Santé à Luxembourg. legilux.public.lu (24.07.2007). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  5. (fr)Règlement grand-ducal du 7 novembre 2024 conférant une dénomination particulière au Lycée technique pour professions de santé. data.legilux.public.lu (07.11.2024). Gekuckt de(n) 19.11.2024.
  6. Loi du 21 septembre 2017 relative à la construction d'un Lycée technique pour professions de santé et d'un hall des sports Logopédie à Strassen. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 03.12.2021.
  7. (lb)Zu Stroossen: De Bau vum neie Lycée fir Gesondheetsberuffer konkretiséiert sech. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 03.12.2021.