Akademie der Künste der DDR, Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Académie des beaux-arts
Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen d'Sinfonesch Variatiounen (1938). Am Zweete Weltkrich huet hie sech zu Paräis als Pianist iwwer Waasser gehalen, an an de Joren dono a Polen als Komponist vu Gebrauchsmusek, Kannerlidder a Komponist fir Radio, Theater a Film.
Vun 1954 huet goufe seng Kompositiounen a Pole vu staatlecher Säit nees akzeptéiert an de Lutosławski hue ë. a. mat seriellen an aleatoreschen Techniken experimentéiert. An den 1960er gouf hien Dirigent, an 1967, wéi e fir eng Zäit an Amerika war, och Musekspedagog. Hien huet do Komponiste wéi den Edgar Varèse, de Milton Babbitt oder de Lejaren Hiller kennegeléiert.
An den 1970er- a 1980er Joren huet de Lutosławski haaptsächlech just nach seng eege Kpmpositiounen dirigéiert.
Wierker (Auswiel)
Pianosonat (1934),
Sinfonesch Variatiounen (1936–1938)
Variatiounen iwwer en Theema vum Paganini fir zwéi Pianoen (1941)
Zwou Etüden fir Piano (1941)
Zwielef Vollesksmelodië fir Piano (1945)
Éischt Sinfonie (1941–1947)
Mała suita (Kleng Suite) fir Kammerorchester (1950); fir Symphonieorchester (1951)
Tryptyk śląski (Schleseschen Triptychon) fir Sopran an Orchester (1951)
Bukoliki fir Piano (1952)
Concerto fir Orchester (1950–1954)
Dräi Stécker fir d'Jugend fir Piano (1953)
Dänzeresch Preludë fir Klarinett a Piano (1954); fir Klarinett a Kammerorchester (1955)
Trauermusek (1954–1958)
Jeux vénitiens (1960–1961)
Trois poèmes d'Henri Michaux fir Chouer an Orchester (1961–1963)
Sträichquartett (1964)
Paroles tissees fir Tenor a Kammerorchester (1965)
Danuta Gwizdalanka, Krzysztof Meyer Witold Lutosławski. Wege zur Meisterschaft. Aus dem Polnischen von Christina Marie Hauptmeier, Pfau, Saarbrücken 2014