Weemseesdet
Film Produktiounsland
Lëtzebuerg Produktiounsjoer
2011 Dauer
25 min Originalsprooch
Lëtzebuergesch Ekipp Regie
Claude Lahr , Pol Cruchten ,Fred Neuen , Yann Tonnar ,Dan Wiroth , Sascha Hayar ,Désirée Nosbusch , Jean-Claude Schlim Dréibuch
Marc Limpach , Guy Helminger ,Yann Tonnar , Eugénie Anselin ,Thierry Faber , Claude Grosch ,Frédéric Zeimet Musek
Serge Tonnar Produzent
Deal Productions Schauspiller
Germain Wagner als Romain WampachNicole Max als Georgette WampachLuc Lamesch als Fränz WampachEugénie Anselin als Charlotte WampachMartine Borg als Maria Teixeira Dos SantosMax Thommes als Max ReinhardtDésirée Nosbusch als Francine KonsbrückMickey Hardt als Jang KonsbrückAnne Bredimus als Laura LeineweberLaura Schuller als Sabina MuhovicFernand Fox als BopNilton Martins als Raul Teixeira Dos SantosSofia Lopes als Carla Teixeira dos Santos
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre
Weemseesdet ass den Numm vun der éischter lëtzebuergescher TV-Sitcom , déi tëscht dem 30. Oktober 2011 an dem 23. Mäerz 2012 a 24 Episode vu knapps enger hallwer Stonn freides owes op RTL Télé Lëtzebuerg gewise gouf.
Se gouf vun deal Productions S.A. (Désirée Nosbusch an Alexandra Hoesdorff-Rosen ) produzéiert a vum Claude Lahr a Marc Limpach geschriwwen. D'Dréiaarbechte ware vu Juli bis Enn September 2011.[ 1] D'Serie hat e Budget vun 1,5 Millioun Euro, wouvun zwee Drëttel vum Lëtzebuerger Filmfong iwwerholl ginn an een Drëttel vun RTL.[ 2]
Haaptpersonnagë sinn eng stacklëtzebuerger Famill, d'Famill Wampach: De Romain Wampach (gespillt vum Germain Wagner ) ass en idealistesch zynesche Proff a seng Fra, d'Georgette (Nicole Max ), eng opbrausend Psychologin. Si hunn zwee Kanner, de Fränz (Luc Lamesch ) an d'Charlotte (Eugénie Anselin ).[ 3]
Weider Personnagë sinn ë. a. hir Botzfra Maria (Martine Borg ) an där hire Jong Raoul (Nilton Martins )[ 4] , d'Nopeschkoppel, den Här an der Madame Konsbrück (Désirée Nosbusch a Mickey Hardt ), de Bop (Fernand Fox )[ 5] , d'Laura (Anne Bredimus ), dem Charlotte seng Frëndin, de Max (Max Thommes ), dem Fränz säi Kolleesch, asw.
Thematiséiert gi Sujeten wéi Generatiounekonflikter, pubertéierend Teenager, kleng Schwäermereien, Gedeessems mat den Noperen, asw.[ 6]
D'Musek vum Générique ass vum Serge Tonnar .[ 7]
Episoden
N°
Episode
Éischt Ausstralung
1
Fürerschäin: "E Kuss fir de Buss!"
30. September 2011
2
Besuch: "Am Noper säi Gaard ass gutt kraude goën."
7. Oktober 2011
3
"Di éischt Kéier!"
14. Oktober 2011
4
Eng op de Bak: "A wann et reent, da reent et rit eran."
21. Oktober 2011
5
Allerhellgen: "No Mantelsonndeg kënnt Mutzeméindeg."
28. Oktober 2011
6
Champions League: "Wann d'Kaze fort ginn, da sinn d'Mais gär Meeschter."
4. November 2011
7
Konveniat: "Fréier war d'Zukunft nach besser."
11. November 2011
8
"Wat en Theater wéinst engem Bazar."
18. November 2011
9
Chrëschtdag: "Rudolph the Red Nosed Reindeer."
25. November 2011
10
Valentinsdag: "Mat Froë vermécht een näischt."
2. Dezember 2011
11
Sport a Lousen: "Et kann een net ëmmer gewannen"
9. Dezember 2011
12
Aloha an Alaaf: "An de Jemen oder bis op Monnerech an zeréck."
16. Dezember 2011
13
Premièresexamen: "Muer ass och nach een Dag."
6. Januar 2012
14
Säitesprong: "Ursaache sinn do fir ze gebrauchen."
13. Januar 2012
15
Nationalfeierdag: "A wann et päift, dann fiert den Zuch."
20. Januar 2012
16
Tour de France: "E Maulef um Tour oder l'ange des collines."
27. Januar 2012
17
Äddi soën: "Ëmsoss ass der Doud, an dee kascht d'Liewen."
3. Februar 2012
18
Alles Flüchtlingen: "De Misère an der eegener Stuff."
10. Februar 2012
19
Staarken Tubak: "Besser Virsiicht wéi Nosiicht."
17. Februar 2012
20
De Remplassang: "Gutt Nopere brauche keng Heck."
24. Februar 2012
21
Scheedung: "D'Bestueden ass eng Lotterie."
2. Mäerz 2012
22
Knaschteg Wäsch: "Kleng Saachen, grouss Wierkung."
9. Mäerz 2012
23
Kee Kannergebuertsdag: "Roud Léift."
16. Mäerz 2012
24
Que sera: "Aus Kanner gi Leit."
23. Mäerz 2012
Um Spaweck
Referenzen
↑ Pressecommuniqué deal Productions vum 5. Juli 2011
↑ Erste Schritte von Anne und Luc bei 'Weemseesdet'. lessentiel.lu 03. Juli 2011 17:01; Akt: 04.07.2011 07:41.
↑ "Weemseesdet: Déi 2 lescht Haaptrolle sinn elo besat." rtl.lu, 11.05.2011, 12:14 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2011, 12:50.
↑ "Weemseesdet: Portugisesch Schauspillerin gesicht" RTL.lu, 02.05.2011, 12:59 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.05.2011, 14:44.
↑ "Invité Freides mëttes: Désirée Nosbusch." (Radiosinterview); RTL.lu - 08.04.2011, 11:29 - Fir d'lescht aktualiséiert: 08.04.2011, 14:57.
↑ "Neue Sitcom 'Weemseesdet': Back to the Roots - Die Produzentinnen Désirée Nosbusch und Alexandra Hoesdorff-Rosen im Interview." wort.lu, 19.02.2011 07:54.
↑ "Invité Freides mëttes..."