De Wayne Morris, gebuer als Bert DeWayne Morris de 17. Februar 1914 zu Brooklyn a gestuerwen de 14. September 1959 zu Oakland, war en US-amerikanesche Film- an Theaterschauspiller a Fligerass.
Nodeem hien 1940 am Fligerfilm Flight Angels matgespillt huet an him d'Fléie richteg gefall huet, huet hien eng Ausbildung als Pilot gemaach.
Am Ufank vum Zweete Weltkrich huet sech bei der Naval Reserve engagéiert an hie gouf Pilot bei der Navy. Vum Fligerdréier USS Essex aus ass hien Asätz mat engem F6F Hellcat geflunn. Dobäi huet hie siwe Japaner erofgeschoss a war beim Versenke vu fënnef japanesche Schëffer bedeelegt. Fir déi Leeschtunge krut e véiermol d'Distinguished Flying Cross an zweemol d'Air Medal.
Nom Krich huet hien an engem ganze Koup low-budget-Westernfilmer a Serië matgespillt.
Filmer (Auswiel)
- 1937: Submarine D-1 mam Pat O'Brien, Regie vum Lloyd Bacon
- 1937: Kid Galahad mam Bette Davis a mam Humphrey Bogart, Regie vum Michael Curtiz
- 1938: Valley of the Giants mam Claire Trevor a mam Frank McHugh, Regie vum William Keighley
- 1939: The Return of Doctor X mam Humphrey Bogart a mam Rosemary Lane, Regie vum Vincent Sherman
- 1940: An Angel from Texas mam Eddie Albert a mam Rosemary Lane, Regie vum Ray Enright
- 1940: Gambling on the High Seas mam Jane Wyman a mam Gilbert Roland, Regie vum George Amy
- 1941: Bad Men of Missouri mam Dennis Morgan a mam Jane Wyman, Regie vum Ray Enright
- 1941: I Wanted Wings mam Ray Milland a mam William Holden, Regie vum Mitchell Leisen
- 1941: The Smiling Ghost mam Brenda Marshall a mam Alexis Smith, Regie vum Lewis Seiler
- 1947: Deep Valley mam Ida Lupino an Dane Clark, Regie vum Jean Negulesco
- 1949: The Younger Brothers mam Janis Paige a mam Bruce Bennett, Regie vum Edwin L. Marin
- 1949: Task Force mam Gary Cooper a mam Jane Wyatt, Regie vum Delmer Daves
- 1949: The House Across the Street mam Janis Paige a mam Bruce Bennett, Regie vum Richard L. Bare
- 1950: Sierra Passage mam Lola Albright a Lloyd Corrigan, Regie vum Frank McDonald
- 1951: The Bushwhackers mam Doroly Malone a mam John Ireland, Regie vum Rodney Amateau
- 1954: Riding Shotgun mam Randolph Scott a mam Joan Weldon, Regie vum André De Toth
- 1957: Paths of Glory mam Kirk Douglas a mam Richard Anderson, Regie vum Stanley Kubrick
Um Spaweck