Wanns de eppes kanns! (heiansdo als WDEK ofgekierzt) war eng lëtzebuergeschCastingshow, déi tëscht 2009 an 2011 op RTL Télé Lëtzebuerg gesent gouf. An dëser Sendung goufe Persoune mat besonneschen Talenter gesicht. All Kandidat ass virun enger Jury opgetrueden, déi dann entscheet huet, wien an d'Finall koum, an där d'Zuschauer per SMS de Gewënner gewielt hunn. Presentéiert gouf d'Sendung vum Philippe Dondelinger an der Monica Semedo.
Fir déi éischt Staffel vu Wanns de eppes kanns! sinn Ufank 2009 am Ganzen 160 Kandidaten ugetrueden. An der Jury souzen d'Choreographin Sylvia Camarda, de Pierre Dillenburg an de Gérard Valerius. An der Finall, enger Livesendung déi de 4. Abrëll samschdegowes am groussen RTL-Studio war, hu sech der eelef vun hinne virun der Jury misste presentéieren. Den däitsche Sänger Daniel Küblböck huet als Invité de Gérard Valerius an der Jury ersat. D'Téléspecateuren hunn mat ëm déi 25.000 SMSen[1] den eelef Joer ale BreakdancerIsaiah Wilson vu Biissen zum Gewënner gewielt, virum Beatboxer Jeff Deischter vu Buerglënster an de Museker Gilles & Kiko vun Uewerkäerjeng.[2] Fënnefte gouf den Alain Mertens.
Zweet Staffel
Déi éischt Auditioune fir déi zweet Staffel hunn am Februar 2010 ugefaangen. An der Jury ass de Gérard Valerius duerch de Gast Waltzing ersat ginn. Et hu sech 160 Kanditate presentéiert, vun deenen et der zéng Stéck bis an d'Finall den 11. Abrëll gepackt hunn. An dëser Livesendung hunn d'Zuschauer déi uechtzéng Joer al Schülerin Sarah Meyer, déi dem Jacques Brel säi Lidd Quand on a que de l'amour virgedroen huet, als Gewënnerin gewielt.[3]
Un der drëtter Staffel hunn 150 Leit deelgeholl. De Schauspiller Mickey Hardt huet de Pierre Dillenburg an der Jury ersat.[4] An der Finall ass de lëtzebuergesch-éisträichesche Sänger Marco Angelini, bekannt aus der däitscher Castingshow Deutschland sucht den Superstar, mam Lidd Let Me Entertain You opgetrueden. De Laurent de Luxembourg huet 2011 nach eng Kéier matgemaach an et op déi fënneft Plaz gepackt. D'Sängerin Deborah Schneider vu Munneref huet mat 15,22 % vun de Stëmmen virun der Sängerin Kim Girrens (14,32 %) an dem Duo Andrea Galleti an Nathalie Haas (14,10 %) gewonnen.[5] Am Summer 2011 huet d'Deborah Schneider d'Lidd My Band erausbruecht, dat et bis op déi éischt Plaz an der RTL Hitmaschinn bruecht huet.
Kuckt och
Kuckt och
Talents, eng lëtzebuergesch Castingshow aus dem Joer 2002.
The One, eng lëtzebuergesch Castingshow aus dem Joer 2012.