De Walram II. vu Lëtzebuerg-Ligny (fr: Waléran II de Luxembourg, gestuerwen 1354, war Här vu Beauvoir, Roussy a Ligny aus dem Haus Lëtzebuerg. Hie war e Jong vum Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny an der Jeanne vu Beauvoir.
De Walram huet fir d'éischt vu senger Mamm d'Buerge vu Beauvoir a Roussy geierft, an nom Doud vu sengem Brudder Henri II. (1303) och d'Ierfschaft vum Papp, Ligny.
Hien ass an der Kierch Notre-Dame zu Cambrai begruewe ginn.
Seng Fra war d'Guyotte vun Haubourdin († 1338), Ierwin vun der Bureggrofschaft Lille. Kanner waren: