U Bord vun der Raumkapsel Wostok VI ass d'Walentina Tereschkowa de 16. Juni1963 vum Raumfaartzentrum Baikonur fortgeflunn, fir eng Rees duerch de Weltraum, déi bal dräi Deeg gedauert huet. D'Wostok VI ass vum Kosmodrom zu Baikonur (Kasachstan) aus gestart an huet d'Äerd 49-mol ëmkreest. Den 19. Juni ass se bei Nowosibirsk gelant, wou d'Tereschkowa begeeschtert empfaange gouf. Zu Moskau gouf se mam Titel Fliger-Kosmonaut vun der UdSSR geéiert.
1966 war si op Visitt zu Lëtzebuerg a gouf vum Groussherzog Jean emfaangen.[1]