|
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Vic(tor) Nurenberg, gebuer den 22. November 1930 zu Nidderkuer, a gestuerwen den 22. Abrëll 2010 zu Saint-Laurent-du-Var a Frankräich,[1] war e lëtzebuergeschen internationale Foussballspiller.
1952 war hien als Spiller vun der lëtzebuergescher Foussballsekipp bei den Olympesche Summerspiller zu Helsinki.[2]
Tëscht dem 12. November 1950 an dem 20. September 1964 huet de Vic Nurenberg 19-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 5 Goler geschoss.[3]
Déi meescht Zäit vu senger Carrière war hie bei franséische Ligue 1-Veräiner aktiv. De 4. Februar 1960 huet hien dräi Goler géint de Real Madrid an engem Match fir d'Europacoupe vun de Landesmeeschter gesschoss.[4]
1956 hat hie sech mat der franséischer Basketspillerin Paulette Pieri bestuet, mat där hien e Bouf krut.
Veräiner
Palmarès
- Champion vu Frankräich an der D1 1952, 1956, 1959.
- Gewënner vun der Coupe de France 1952, 1954.
- Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 1965, 1966.
- Finaliste vun der Coupe de France 1963.
- 19 international Matcher fir Lëtzebuerg (5 Goler).
Auszeechnungen
Um Spaweck
Kuckt och
Referenzen
- ↑ Le Quotidien: Vic Nurenberg nous a quitté gekuckt den 23 Abrëll 2010
- ↑ De Vic Nurenbeg op sports-reference.com
- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum Vic Nurenberg op eu-football.info
- ↑ "Vic Nurenberg ist tot. Ex-Fußballprofi starb im Alter von 79 Jahren." wort.lu 22.04.2010 18h22, aktualiséiert 22.04.2010 19h16.
- ↑ 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur