Vereinigung der Sternfreunde

D'Vereinigung der Sternfreunde (VdS) ass deen zueleméisseg stäerkste Verband vun Amateurastronomen an Däitschland. Hie gouf als Noleefer vum Bund der Sternfreunde (BdS) am Joer 1953 an d'Liewe geruff an ëmfaasst eng Memberschaft vu 4000 Amateurastronomen a Beruffsastronomen (Stand 2008).

D'Aufgab vum VdS besteet an der Fërderung vun der Astronomie an der Ëffentlechkeet souwéi d'fachlech Weiderbildung, Betreiung an Informatioun vun de Memberen. Si huet awer net d'Funktioun vun engem Dachveräin.

De VdS huet 18 Fachgruppen, déi zanter 1983 ageriicht goufen a sech mat speziellen Theme beschäftegen:

D'VdS gëtt véiermol am Joer fir hir Memberen eng Zäitschrëft mam Numm VdS-Journal eraus, déi am Joer ronn 450 Säite staark ass an Artikele vu spezielle Fachgruppen als Schwéierpunktthema huet.

Zanter 1992 gëtt et ënner der Projetbezeechnung “VdS-Sternwarte” eng partnerschaftlech Zesummenaarbecht mat dem Observatoire Kirchheim, fir de VdS-Memberen den Zougank zu gréisseren Teleskopen (30 cm-Cassegrain an e 50 cm-Newton) z'erméiglechen.

Eemol am Joer gëtt d'VdS-Medail fir besonnesch Aktivitéiten um Gebitt vun der Amateurastronomie iwwerreecht. Eemol am Joer gëtt och een Astronomiedag organiséiert.

Um Spaweck

Portal Astronomie