D'Universitéit Leiden (hollänneschUniversiteit Leiden, fréier Rijksuniversiteit Leiden) gouf am Joer 1575 zu Leiden gegrënnt; si ass déi eelst Universitéit vun Holland.
Geschicht
D'Universitéit Leiden gouf vum Wilhelm I. von Nassau-Oranien e puer Méint nom Enn vun der Belagerung vun der Stad duerch spuenesch Truppen am Achtzegjärege Krich den 8. Februar1575 gegrënnt. Si war domat déi éischt Universitéit vun der wéineg Joer spéider gegrënnter Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen. Zesumme mat der Universitéitsbibliothek Leiden huet si sech séier zum wëssenschaftlechen Zentrum vum Land entwéckelt an ass zesumme mam protestantesche Geescht vun der Republik eng Grondlag fir d'Fuerschungsfräiheet an der Universitéit, entspriechend hirem Motto: Praesidium Libertatis (Bollwierk vun der Fräiheet). 1633 gouf den Observatoire Leiden ageweit, eng vun den eelsten Universitéitsobservatoire vun der Welt.
Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Universitéit vun der däitscher Besatzungsmacht zougemaach, nodeem do Protester géint d'Ofsetze vu jiddesche Mataarbechter ausgebrach waren.
Haut ass d'Universitéit Leiden déi traditionell Ausbildungsplaz vun der hollännescher Kinneksfamill.
Fakultéiten
D'Universitéit Leiden bréngt zur Zäit 9 Fakultéiten ënner: