48 vun de 56 Staaten, déi deemools an der UNO waren, hunn déi Deklaratioun ugeholl, 8 hu sech der enthalen (dorënner d'Ostblockstaaten, Südafrika, dat wéinst senger praktizéierter Apartheid d'Gläichheet vun alle Mënschen net acceptéiere konnt, a Saudi-Arabien deem d'Gläichheet tëscht Mann a Fra net gepasst huet).
Den Text orientéiert sech un der Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1789 a besteet aus 30 Artikelen. Dora ginn déi fundamental Rechter vun all Mënsch opgezielt, a wéi se virum Recht unzeerkennen an ze respektéiere sinn. Deene viraus geet eng Preambel, an där an aacht Punkten d'Noutwendegkeet vum onverännerleche Respekt vun de Mënscherechter vun alle Länner, Natiounen a politesche Regimmer festgehalen ass.