Ufanks war jee eng US-amerikanesch an eng europäesch Sond ënner dem Aarbechtstitel International Solar Polar Mission (ISPM) fir déi gläichzäiteg Ënnersich vum Nord- a Südpol vun der Sonn geplangt. Duerch Budgetkierzunge gouf d'NASA-Sond awer 1981 gestrach. Dofir hunn d'Europäer der NASA d'Hallschent vun der Notzlaascht op der Ulysses zur Dispositioun gestallt – am Géigenzuch huet d'NASA fir de Start op engem Space Shuttle gesuergt, d'Radionuklidbatterie an d'Missiounsiwwerwaachung duerch de JPL mat dem Deep Space Network. Dofir ass d'Ulysses och primär als europäesch Missioun ze gesinn – d'Amerikaner goufen eréischt méi spéit "u Bord geholl".
De Start war fir Mee 1986 mat der Missioun STS-61-F op enger Centaur-Uewerstuf virgesinn, awer duerch den Ofstuerz vun der Raumfär Challenger den 28. Januar1986 war de Start dunn op de 6. Oktober1990 gerutscht a gouf mat der Missioun STS-41 op enger IUS/PAM-S-Uewerstufekombinatioun duerchgefouert.
Den Ulysses gouf mat 15,4 km/s a seng Fluchtbunn zum Jupiter ausgesat. Déi héich Fluchtvitesse war néideg, well den Ulysses d'Jupiterbunn an engem relativ grousse Wénkel huet misse schneiden, well ei mat engem Fly-y-Manöver vum Jupiter an eng polar Sonnenëmlafbunn ëmdirigéiert konnt ginn.[2] Domat hat en d'Äerd mat der zweethéchster jee vun enger Raumsond erreechter Vitess verlooss. (Den aktuelle Rekord hält d'Raumsond New Horizons mat 16,21 km/s.)
D'Liewesdauer vun der Sond gouf ufanks fir eng Missioun vu fënnef Joer ausgeluecht, déi si aber bei wäitem iwwerschratt hat.
Den 29. Juni2009 gouf d'Ulysses-Missioun wéinst net genuch Bordenergie offiziell agestallt. D'Sond ëmkreest weider d'Sonn.
Den Numm
Den Ulysses ass no dem englesche Wuert fir de griichesche Soenheld Ulysses genannt.
De Laanschtfluch beim Jupiter war op enger Distanz vu 450.000 Kilometer. Dobäi gouf d'Sond aus dem Ekliptikniveau geschleidert a koum an eng polar Sonnenëmlafbunn.
D'Sond hat hiren éischten Ëmlaf ëm d'Sonn. Den Ulysses huet dee Südpol vun der Sonn 1994 erfuerscht, an den Nordpol 1995. De (Perihel) war 1,35 AE (ronn 200 Millioune Kilometer).
Nom Passage vun der Jupiterbunn koum den zweeten Ëmlaf ëm d'Sonn mat dem nooste Rendez-vous mam Sonnesüdpol an de Joren 2000-2001 a mam Nordpol am Joer 2001.
D'Missioun erreecht wéinst feelender Energie hiert Enn. Doduerch steet net genuch Energie fir d'Hëtze vun den Dreifstoffleitungen zur Dispositioun. Wann de Sonnenofstand vum Ulysses méi grouss gëtt, fréiert bei 2 °C den Hydrazin. De Problem gouf mam Zünde vun den Dreifwierker all zwou Stonnen ëmgaangen, wat awer spéitstens 2009 duerch Dreifstoffmangel sollt onméiglech ginn.
Ulysses zielt zu de beschte Missiounen an der europäescher Raumfaartgeschicht.
Déi wëssenschaftlech Missioun vun Ulysses ëmfaasst ënner anerem d'Sonnekorona, de Sonnewand, d'Sonnemagnéitfeld, solar Plasmawellen, kosmesch Stralen, a vill Miessunge beim Jupiterlaanschtfluch 1992.
Den Ulysses war déi éischt Sond, déi eng polar Sonnenëmlafbunn hat. Ausserdeem war si mat dem Jupiter-Laanschtfluch déi éischt net-amerikanesch Sond am baussechte Sonnesystem.
Technesch Daten
Gréisst: 3,2 × 3,3 × 2,1 m
Mass: 366,7 kg; dovu 55,1 kg wëssenschaftlech Instrumenter an 33,5 kg Dreifstoff
Instrumenter: Moossinstrumenter fir d'Ënnersich vum Sonnewand, Magnéitfeld, Deelchenstralung, Radio-, Röntgen- a Gammastralung
Undriff a Steierung: Transport an den Äerdorbit mam Space Shuttle; IUS-PAM-S-Rakéitekombinatioun fir de Start aus dem Orbit; Manövréierdreifwierker mat Hydrazin als Dreifstoff
Dateniwwerdroung: Kommunikatiounsanlagen an Antennen am X-Band (60 Watt) an S-Band