|
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
D'Republik Uganda (op Englesch: Republic of Uganda; op Swahili: Jamhuri ya Uganda) ass e Staat an Ostafrika. D'Haaptstad vun Uganda ass Kampala.
Geschicht a Politik
Den Uganda war tëscht 1894 an 1962 e brittescht Protektorat. No der Onofhängegkeet gouf et e Memberstaat vum Commonwealth of Nations.
President ass zënter 1986 de Yoweri Museveni. Tëscht 1971 an 1979 ass d'Land vum Diktator Idi Amin regéiert ginn.
Geographie
Den Uganda grenzt am Osten un de Kenia, am Norden un de Südsudan, am Westen un d'Demokratesch Republik Kongo, am Südwesten un deRuanda an am Süden un Tansania. Tëscht dem Uganda, dem Kenia an Tansania läit de Victoriaséi. Mat iwwer 35 Milliounen Awunner ass den Uganda no Ethiopien dat zweet-bevëlkerungsräichst Land op der Welt, dat keen Zougank zum Mier huet.
Sproochen
Am Uganda si 40 Sproochen am Gebrauch. Offiziell Sprooche sinn Englesch an zanter 2005 Swahili. Wichteg aner Sprooche si Luganda, Luo an Nkore.
Um Spaweck
|
---|
Aktuell Memberen | |
---|
Suspendéiert Memberen | |
---|
Referenzen