D'Uergel vu Membre-sur-Semois ass eng Uergel aus dem Georg Westenfelder senger Manufaktur vu Lëntgen.
Si ass gebaut ginn op Initiativ vun e puer Museksfrënn aus deem klengen Ardennerduerf Membre-sur-Semois an der Belsch. Si hunn 1992 ee Veräi gegrënnt.
1994 konnt mam Bau vun der Uergel ugefaange ginn, an 1997 war se fäerdeg.