Den UTM-Koordinatesystem gëtt vun de Militär vun den Natoslänner benotzt, vir sech op enger Landkaart erëmzefannen. Den UTM-Koordinatesystem gëtt awer och dacks ënner dem Numm WGS-84 oder Varianten, déi deem gläichen, op de GPS Navigatiounssystemer benotzt.
Beim UTM-Koordinatesystem gëtt e Punkt mat Hëllef vu
Fuseauen
Banden
Quadrillagezonen
Véierecker vun 100 × 100 km
Véierecker 1 × 1 km
definéiert.
Fuseau
De Globus gëtt am UTM-System a 60 Fuseaue vu 6° Breet opgedeelt. Dës Fuseauë sinn nummeréiert vun 1 - 60. Et gëtt vum 180. Längegrad aus no Oste gezielt, dat heescht vu lénks no riets. En Deel vu Lëtzebuerg läit um Fuseau 31, den aneren Deel um Fusereau 32.
Banden
De Globus gëtt am UTM-System an 20 Bande vun 8° Héicht agedeelt. Dës Bande gi buschtawéiert vun C bis X (ouni I an O).
Et gëtt vum Breedegrad 80 S bis 80 N gezielt.
Lëtzebuerg läit op der Bande U.
Quadrillagezone
Eng Quadrillagezone oder Grid Zone oder Zone de Quadrillage ass d'Intersektioun vun enger Bande an engem Fuseau.
Lëtzebuerg läit also op der Quadrillagezone 31U an 32U
Véiereck vun 100 × 100 km
Eng Quadrillagezone ass erëm ënnerdeelt an 20 Carréë vun 100 × 100 km. Een sou ee Carré gëtt duerch 2 Buschtawen designéiert.
Véiereck vun 1 × 1 km
E Véiereck vun 100 × 100 km ass erëm ënnerdeelt a Véierecke vun 1 × 1 km. Een sou ee Véiereck gëtt duerch 2 × 2 Zifferen désignéiert.
Bis op de Meter genee
De Véiereck kann een elo nach ënnerdeelen, an zwar soulaang wéi een et fir néideg hält. Et mech wéineg Sënn, vir eng Prezisioun vu manner wéi engem Meter ze sichen.
Mat Hëllef vun engem Réimer, wat u sech näischt anescht ass wéi en zweedimensionaalt Lineal, kann een op enger Landkaart am Moossstaf vun 1:20.000 eng Prezisioun vun 10 m erreechen.
An dësem Fall sinn d'Koordinaten 32UFK38638566. Well ee jo seelen Distanzen iwwer 100 km mécht, ginn d'Koordinaten dacks ofgekierzt an nëmmen als 38638566 (Prezisioun 10 m) oder 386856 (Prezisioun 100 m)duergestallt.