Trip-Hop

Trip-Hop ass e Musekstil, dee säin Ursprong Ufank den 1990er an der Undergroundmusekszeen vu Bristol huet.

De Genre deelt de konstanten a repetitive Beat vun Downtempo (relaxer elektronescher Musek mat niddreger Intensitéit), mä ass e bësse méi komplex an der Struktur, an där vill Sampling agesat a wéi bei allen Electronica-Musekgenren och vill mat Effektapparate geschafft gëtt. Den Tempo läit bei zirka 80 BPM an d'Beater evoquéieren dacks eng verdreemten an heiansdo liicht däischter Atmosphär.

Den typeschen Trip-Hop-Sound ass staark beaflosst duerch Hip-Hop an Dub, souwéi harmoneschen a melodeschen Elementer aus der Popmusek. Eng Charakteristik ass de Gesank, dee vu weibleche Stëmmen dominéiert gëtt an vu Contemporary R&B a Soul beaflosst ass.

Den Term gouf fir d'éischt an der Zäitschrëft Mixmag an engem Artikel iwwer den DJ Shadow benotzt, mee et huet bis Mëtt den 1990er gedauert bis e sech etabléiert hat an déi ganz emergéierend Downtempo-Zeen vu Bristol mat Gruppe wéi Massive Attack a Portishead abegraff huet, déi spéider grousse kommerziellen Erfolleg a Groussbritannien haten.

Um Spaweck

 Commons: Trip-Hop – Biller, Videoen oder Audiodateien

Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.