Tribunal de police (Lëtzebuerg)

Tribunal de police
D'Gebai vum Friddensgeriicht mam Policegeriicht an der Cité judiciaire an der Stad
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/justices-paix/tribunal-police.html

D'Policegeriicht oder Polizeigeriicht ((fr) tribunal de police) ass ee vun den Tribunaler vun all Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg. Et ass fir strofrechtlech (penal) Affären an Zesummenhang mat Verstéiss ((fr) contravention) oder bestëmmten Delikter ((fr) délit) zoustänneg.

E Recours géint en Urteel vum Policegeriicht gëtt virum zoustännege Bezierksgeriicht verhandelt.

Zitéiere virun d'Geriicht

All Persoun, déi verdächtegt gëtt, e Verstouss oder en Delikt begaangen ze hunn, kann an där Juridiktioun wou de Verstouss oder den Delikt festgestallt gouf, virun d'Policegeriicht geruff ginn.

Déi geographesch Kompetenz vum Friddenstribunal ass vum Gesetz festgeluecht[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg).

Kompetenz vum Policeriichter

De Policeriichter ka follgend Strofe spriechen:

  • eng Geldstrof vun op d'mannst 25 an héchstens 250 Euro, ausser an deene Fäll wou d'Gesetz eppes anescht virgesäit, absënns bei schwéiere Verstéiss ((fr) contravention grave) géint de Code de la route, déi mat enger Geldstrof vu 25 bis 500 Euro bestrooft ginn;
  • d'Confiscatioun vun enger Saach, wann d'Gesetz et virgesäit,
  • e Fuerverbuet mat engem Gefier fir eng Period vun aacht Deeg bis ee Joer.

Wann e Beschëllegte fir verschidden Affäre schëlleg gesprach gëtt, ginn d'Policestrofe kumuléiert.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Chapitre I. - Des justices de paix - Art. 1er. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.