Tower of London ass en US-amerikanesche Film vum Roger Corman aus dem Joer 1962 mam Vincent Price am Michael Pate an den Haaptrollen.
Ëm wat geet et am Film?
1486 an England: Nom Doud vum Kinnek Edward IV. rappt säi Brudder Richard, Herzog vu Gloucester, d'Kroun vum Land u sech. Et gëtt awer nach enzweete Brudder, den George, Herzog vu Clarence, dee vum alen Edward als Momper vu sengem jonke Bouf, dem Prënz Edward Ebestëmmt gouf. De Richard wëll dem George seng Positioun iwwerhuelen, fir "Beschützer" vum jonken, onmëndege Kinnek ze ginn. Hien erstécht den George, a bréngt och nach d'Mistress Shore, eng Haff-Joffer, ëm, déi net wollt e falschen Eed ofginn, an aussoen, de Prënz wier net de Jong vum ale Kinnek, ma ee Baaschtert.
Doropshin gëtt de Richard vun de Geeschter vun deenen dräi Doudegen, dem Edward IV., sengem Brudder George an der Mistress Shore, gepisakt...
Um Spaweck