Toots Thielemans
Gebuertsnumm
Jean-Baptiste Frédéric Isidor Thielemans Pseudonym
Toots Thielemanns Gebuer
29. Abrëll 1922 Marollen Gestuerwen
22. August 2016 Braine-l’Alleud Nationalitéit
Belsch Aktivitéit
Komponist , Jazzgittarist, Mondharmonikaspiller, Filmkomponist, Konschtpäifer, Synchronspriecher, Museker
De Jean-Baptiste Frédéric Isidor, Baron Thielemans , bekannt als "Toots" Thielemans , gebuer den 29. Abrëll 1922 zu Bréissel , an och do den 22. August 2016 gestuerwen[ 1] , war e belsche Modern Jazz -Museker (Mondharmonika , Gittar , Päifen ).
Hien huet mat villen aneren (Jazz-)Museker zesummegespillt, wéi dem Bobbejaan , den Charlie Parker All Stars, dem George Shearing Quintett, der Ella Fitzgerald , dem Quincy Jones , dem Paul Simon , dem Billy Joel , dem Dizzy Gillespie , dem Caetano Veloso dem Gilberto Gil oder dem Jaco Pastorius .
1957 huet hie säin éischten Album erausbruecht, Man Bites Harmonica! . Bluesette ass seng wuel bekanntste Kompositioun. Hien huet och bei den Opname vu Filmmuseke matgewierkt, wéi Asphalt-Cowboy , Turks Fruit , Jean de Florette oder The Getaway an der Tëleesserie Sesame Street .
Nach mat iwwer 90 Joer ass hie reegelméisseg opgetrueden; eréischt 2014 huet hien ugekënnegt, domat opzehalen.
Discographie (Auswiel)
The Sound (Columbia , 1955)
(als Jean Thielemans:) Man Bites Harmonica (Riverside , 1958)
Time Out for Toots (Decca , 1958)
Spotlight on Toots Thielemans (Polydor , 1961)
The Whistler and His Guitar (ABC , 1962)
Too Much! Toots (Philips, 1965)
mit Elis Regina : Elis & Toots (Philips, 1969)
Captured Alive (Choice, 1974)
mam Bill Evans : Affinity (Warner Bros. , 1978)
mam Joe Pass und Niels-Henning Ørsted Pedersen : Live in the Netherlands (Pablo , 1982)
mam Shirley Horn Trio: For My Lady (Gitanes, 1991)
Toots Thielemans & Kenny Werner (2001)
Literatur
Um Spaweck
Referenzen
↑ Noruff an der Neue Zürcher Zeitung