Den Neptun huet keng Plaz an der Titius-Bode-Rei, dofir huet de Pluto seng Plaz ageholl.
Et gëtt keng sécher Erklärung firwat d'Ofstänn vun de Planéite sech no der Titius-Bode-Rei verhalen. Eng méiglech Ursaach wier de Resonanz-Effet tëscht de Planéiten. Simulatiounen iwwer d'Entstoe vu Planéitesystemer schéngen dat ze bestätegen. Et ass awer och méiglech, datt et sech bei der Titius-Bode-Rei ëm eng reng zoufälleg Zuelekonstellatioun handelt.
Fir de Fall, dat et sech bei der Reegel net nëmmen ëm Zoufall handelt, gëtt et och Hypotheese fir déi zwou uewegenannten Ausnamen:
D'Objeten an der Haaptasteroidenceinture kéinte Brochstécker vun engem Planéit sinn, deen no enger Kollisioun zerbrach ass.
D'Ëmlafbunne vum Neptun a vum Pluto kéinte vun engem Objet mat enger grousser Mass deen no laanscht se geflunn ass, gestéiert a verännert gi sinn.