Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Jagger an de Richards hunn zimmlech séier zesumme am Duo geschafft a si lues a lues Cheffe vun der Band ginn anplaz vum Brian Jones, deen net ëmmer seriö geschafft huet.
D'Stones hunn amerikanesche Blues a Rhythm and Blues gespillt. Nodeem si et an England scho waren, si si och an Amerika berüümt ginn als British Invasion an der Mëtt vun den 1960er Joren. No hirem Lidd (I can't get no) Satisfaction (1965) si se an der ganzer Welt bekannt ginn.
No 1966, nom Album Aftermath, zeechne sech d'Lidder vum Jagger a Richards, instrumental begleet vum Brian Jones, duerch hir divers Stiler aus. Den Jones ass am Juli 1969 a senger Schwämm erdronk, e besse méi spéit, nodeem en aus der Grupp erausgeheit gi war. Hie gouf duerch de Mick Taylor ersat. Dësen huet bei 5 Studio-Albume matgespillt, éier en d'Stones 1974 verlooss huet. E gouf du vum Gittarist Ronnie Wood ersat. De Bill Wyman huet d'Stones 1993 verlooss. De Bassist Darryl Jones ass an d'Plaz komm, mä war keen offizielle Member vun der Band.
Discographie
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Concertstouren
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Si si bis ewell eng Kéier, de 27. August1995, am Kader vun der Voodoo Lounge World Tour, zu Lëtzebuerg virun enger 60.000 Leit opgetrueden.[1] Bei där Geleeënheet hat de Mick Jagger incognito mat sengem Bouf Veiane besicht; bei hirer Faart um Sessellift goufen s'op enger automatesch gemaachener Foto veréiwegt[2], déi haut an engem Restaurant hängt.