|
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
The One That Got Away ass e brittesche Film vum Roy Ward Baker aus dem Joer 1957 nom Buch mam selwechten Numm vum James Leasor a Kendal Burt.
Ëm wat geet et am Film?
De Franz von Werra gëtt am Zweete Weltkrich an der Loftschluecht iwwer England mat sengem Messerschmitt Bf 109 erofgeschoss a geréit a brittesch Gefaangenschaft. No e puer Versich geléngt et him beim Transfert an e Gefaangenelager a Kanada d'Flucht an d'Vereenegt Staten déi sech zu deem Moment vum Krich nach neutral verhalen hunn.
Um Spaweck