The Beast from 20,000 Fathoms ass en US-amerikanesche Film vum Eugène Lourié aus dem Joer 1953 no der Geschicht The Fog Horn vum Ray Bradbury.
Ëm wat geet et am Film?
Duerch an Atomtest an der Arktis ass en Dinosaurier aus dem Äis befreit ginn.Kuerz drop daucht den Dinosaurier zu New York City op a fänkt un alles futti ze maache wat him am Wee ass…
Soss
De Schwäizer Schauspiller Paul Hubschmid spillt an dësem US-amerikanesche Film d'Haaptroll ënner dem Numm Paul Christian.
De Ray Harryhausen huet sech ëm d'Animatioun vum Dinosaurier bekëmmert.
De Film hat 250.000 US-Dollar kascht an hat eng Recette vu 5.000.000 US-Dollar.
Um Spaweck