D'Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg gebrauchen en zouene System, an deem all d'Nummeren ënner deerselwechter Form gewielt ginn, ouni regional Extra-0. Den internationalen Telefonsprefix (Lännercode) ass +352, an d'Accèssequenz fir international Nummeren ass 00.
Handysnummeren
Zanter dem 1. September 2006 bestinn all d'Handysnummeren aus engem Netzwierkcode aus dräi Zifferen am Format 6x1 (virdrun 0x1), mat hannendru sechs einfachen Zifferen. All Handysnummer huet eng equivalent Voicemailboxnummer mam Code 6x8. D'Netzwierkcoden (déi awer zesumme mat der Nummer portabel sinn an en anert Netzwierk) sinn déi heiten:
Festnetznummeren
Zanter Mee 2000 bestinn all nei Festnetznummeren aus 8 Zifferen. Si fänke mat 24, 26, 27 oder 28 un. Duerno kënnt wéi fréier ëmmer nach e lokalen Identifiant (reng symbolesch) vun zwou Zifferen (mä et kann een elo seng Nummer mathuelen op iergendwellech aner Plaz), a schlussendlech déi eigentlech Nummer mat zwou bis véier weideren Zifferen.
Alen oppene Festnetzsystem
|
Lokalen Identifiant
|
Plaz
|
20 |
|
21 |
Wäicherdang
|
22 |
Stad Lëtzebuerg
|
23 |
Munneref/Nidderkäerjeng/Näerden/Réimech
|
24 |
|
25 |
Stad Lëtzebuerg
|
26 |
|
27 |
|
28 |
Stad Lëtzebuerg
|
29 |
Stad Lëtzebuerg/Kockelscheier
|
30 |
Kapellen/Kielen
|
31 |
Bartreng/Mamer/Mënsbech/Stroossen
|
32 |
Lëntgen/Miersch/Stengefort
|
33 |
Walfer
|
34 |
Rammeldang/Sennengerbierg
|
35 |
Sandweiler/Mutfert/Rued-Sir
|
36 |
Hesper/Kockelscheier/Réiser
|
37 |
Leideleng/Éileng/Monnerech
|
38 |
|
39 |
Wandhaff/Stengefort
|
40 |
Houwald
|
41 |
|
42 |
Kierchberg
|
43 |
Findel/Kierchberg
|
44 |
|
45 |
|
46 |
|
47 |
Lëntgen
|
48 |
Conter/Féiz
|
49 |
Houwald
|
50 |
Kënzeg/Nidderkäerjeng/Péiteng/Rodange
|
51 |
Diddeleng/Beetebuerg/Léiweng
|
52 |
Diddeleng
|
53 |
Esch-Uelzecht
|
54 |
Esch-Uelzecht
|
55 |
Esch-Uelzecht/Monnerech
|
56 |
Rëmeleng
|
57 |
Esch-Uelzecht/Schëffleng
|
58 |
Zolwer/Déifferdeng
|
59 |
Zolwer
|
67 |
Diddeleng
|
70 |
|
71 |
Betzder
|
72 |
Iechternach
|
73 |
Rouspert
|
74 |
Waasserbëlleg
|
75 |
Gréiwemaacher
|
76 |
Wuermer
|
77 |
|
78 |
Jonglënster
|
79 |
Bäerdref/Konsdref
|
80 |
Dikrech
|
81 |
Ettelbréck/Reckeng op der Mess
|
82 |
|
83 |
Veianen
|
84 |
|
85 |
Biissen/Rouscht
|
86 |
|
87 |
Fiels
|
88 |
Mäerzeg/Wal
|
89 |
|
90 |
|
91 |
|
92 |
Klierf/Fëschbech/Housen
|
93 |
|
94 |
|
95 |
Wolz
|
96 |
|
97 |
Huldang
|
98 |
|
99 |
Ëlwen
|
Telefonsnummerportéierung (Mathuele vun der Telefonsnummer)
D'Telefonsnummerportéierung funktionéiert nom Prinzip ACQ (All-Call-Query), bei dem all d'Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg an enger zentraler Datebank gespäichert sinn. Dobäi gehéiert zu all Telefonsnummer och d'Informatioun, bei wat fir engem Provider den Telefon ënner där Telefonsnummer erreechbar ass. All Provider mécht bei sech a reegelméissegen Zäitofstänn e Backup vun dëser Datebank, mat där ee feststelle kann, a wat fir e Providernetz een en Telefonat fir eng bestëmmt Telefonsnummer leede soll.
- Beispill:
- Wann e Client (mir nennen e Pol) mat der selwechter Telefonsnummer bei en anere Provider wiesselt, z. B. vun der POST bei Tango mat der Telefonsnummer “12345678”, gëtt an der zentraler Datebank einfach d'Informatioun hannerlooss, datt d'Telefonsnummer “12345678” vun elo u bei Tango z'erreechen ass. Vun dem Ament vun der Portéierung un, hunn d'Providere wärend der sougenannter “Uruffëmlenkzäit” 60 Deeg fir e Backup vun der Datebank ze maachen. Wärend dëser “Uruffëmlenkzäit” muss den ale Provider vum Pol (d'POST) Uriff um Pol seng Nummer automatesch um Pol säin neie Provider weiderleeden, wann nach net alleguer d'Provideren e Backup gemaach hunn.
Um Spaweck