Tektit



Tektitten (vum Griicheschen tektos - geschmollt) si bis zu e puer Zentimeter grouss Glasobjeten, déi zwar en ierdeschen Urspronk hunn, awer duerch den Aschlag vu grousse Meteoritten op der Äerduewerfläch entstane sinn.
Duerch den Aschlag gëtt ierdescht Material geschmollt a bis zu e puer honnert Kilometer fortgeschleidert, woubäi et zu Glas erstarrt. Tektitte si schwaarz oder gréngelzeg duerchsiichteg. D'Form variéiert vun aerodynamesch ronn, scheiwen-, drëps- oder hantelfërmeg bis onreegelméisseg.
Duerch d'Aart a Weis wéi s'entstinn, sinn d'Plaze wou Tektitte fonnt ginn, mat Aschlagkrateren associéiert. Sou ginn Tektitten déi an Tschechien fonnt ginn "Moldavitte" genannt, a mat dem Nördlinger Ries a Verbindung bruecht.
Bis elo si weltwäit eréischt véier Streefelder bekannt, wouvun der vun dräi hiren Urspronkskrater bekannt ass.
E puer Typpe vun Tektitten, gruppéiert no de véier bekannten ënnerschiddleche Streefelder:
- Europäescht Streefeld
- Nördlinger Ries, Däitschland, e ronn 14,6 Millioune Joer alen Aschlagkrater, dee wärend dem Ries-Evenement entstoung.
- Moldavitten (Tschechien, gréngelzeg)
- Australasiatescht Streefeld
- Obwuel dëst Streefeld eendeiteg dat gréisst ass a ronn 10 % vun der Äerduewerfläch bedeckt, konnt bis elo nach kee Krater nogewise ginn. De Krater ass warscheinlech um Mieresbuedem a gouf vu méi jonken Oflagerungen iwwerdeckt. Den Alter vun den Tektitte gouf op ronn 0,7 Ma bestëmmt.
- Australitten (Australien, donkel, meeschtens schwaarz)
- Indochinitten (Südostasien, donkel, meeschtens schwaarz)
- Chinitten (China, schwaarz)
- Nordamerikanescht Streefeld
- Chesapeake-Bay-Krater, USA, Alter: 34 Ma. Obschonn d'Bediasitten zanter en ettleche Joerzéngte bekannt sinn, gouf de Krater deen dozou gehéiert eréischt 1990 erkannt, well e gréisstendeels ënner dem Mier läit a vollstänneg vu Sedimente bedeckt gouf.
- Bediasitten (USA, Texas, schwaarz)
- Georgiaitten (USA, Georgia, gréngelzeg)
- Côte d'Ivoire
- Lake Bosumtwi-Krater, Ghana, Alter: 1 Ma
- Ivoritten (Côte d'Ivoire, schwaarz)
Sou wéi den Obsidian goufen och Tektitte schonn virun en ettleche Joerdausende fir Gebrauchsgéigestänn, als Bijou a fir kultesch Zwecker gebraucht. Duerch Meteorittenaschléi ginn och sougenannt Impaktglieser produzéiert. Am Géigesaz zu den Tektitte gi se net ewechgeschleidert, mä bleiwen an der Géigend vum Krater.
Kuckt och
Literatur
- H. Faul: Tektites are terrestrial. Science, Band 152, S. 1341-1345, 1966.
- Guy Heinen: Tektite - Zeugen kosmischer Katastrophen, Eegeverlag, Luxemburg, 1997. Online-Fassung
- Johannes Baier: Zur Herkunft und Bedeutung der Ries-Auswurfprodukte für den Impakt-Mechanismus. - Jber. Mitt. oberrhein. geol. Ver., N. F. 91, 9-29, 2009.
Um Spaweck
| Commons: Tektites – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.