|
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
D'Tania Raymonde, gebuer den 22. Mäerz 1988 zu Los Angeles am Bundesstaat Kalifornien als Tania Raymonde Helen Katz, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin, déi meeschtendeels an der Televisioun schafft. Si huet hir Carrière 2000, am Kanneralter ugefaangen[1].
Si ass d'Duechter vun der Anne-Marie an dem Jon Katz. D'Mamm ass Korsikanerin an de Papp staamt aus enger russesch-jiddescher Famill vun Emigranten[Source?].
Si gouf mat der Roll als Alex Rousseau an der beléifter Televisiounsserie Lost[2], an an engem geréngere Mooss mat der Roll als d'Offizéiesch Carla Rinaldi an der Horrorserie Death Valley[3] bekannt. Si ass och bekannt mat Niewerollen an aneren Televisiounsserien[4],[5],[6],[7].
Filmographie (Auswiel)
Referenzen
- ↑ Fiche op IMDb (en)
- ↑ http://www.proficinema.ru/guide/index.php?ID=136562&PROP_NAME=SPRAV_AKTER
- ↑ https://www.vulture.com/2010/09/mtv-picks-up-horror-comedy-death-valley.html
- ↑ http://www.mtvasia.com/shows/mf8h44/death-valley/tania-raymonde/oimr8z
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 24.04.2019. Gekuckt de(n) 24.04.2019.
- ↑ https://www.hollywoodreporter.com/live-feed/maria-bello-losts-tania-raymonde-818030
- ↑ https://www.digitalspy.com/tv/ustv/a340528/lost-star-tania-raymonde-for-hawaii-five-0-role/