Steve Thull

Steve Thull
De Steve Thull um Nationale Commemoratiounsdag 2021
Gebuer 23. Abrëll 1967
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École royale militaire
Aktivitéit Offizéier

De Steve Thull, gebuer den 23. Abrëll 1967 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Militär a Generol.[1] Hien ass zanter dem 29. September 2020 Chef d'Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi.

Hien huet 1987 bis 1991 op der École royale militaire zu Bréissel studéiert fir Offizéier ze ginn. 2006 bis 2007 huet hien ee weidert Joer zu Paräis gemaach.[2]

Hie war ë. a. Chef vum Peloton mortiers, vum Peloton anti-char a vum Peloton éclaireurs. Dono gouf e Kompanieskommandant, an huet weiderhin am État-major a verschiddene Funktioune geschafft: Zoustänneg fir Personal, fir Ëffentlechkeetsaarbecht, Commandant-adjoint vum Centre militaire, Officier-adjoint, Officier études et planification, an zulescht Officier systèmes d'information et de communication.

Hien huet un der NATO-Missioun IFOR a Bosnien-Herzegovina, der EUFOR-Missioun am Tschad an an der Zentralafrikanescher Republik deelgeholl.

Éierungen[1]

Um Spaweck

Commons: Steve Thull – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen

  1. 1,0 1,1 (fr)Biographie vum Steve Thull. www.armee.lu Archivéiert de(n) 02.07.2022. Gekuckt de(n) 30 9 2020.
  2. CV am Artikel Feierlech Zeremonie um Härebierg." op rtl.lu, 29.09.2020 19:54.